Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ekippe-WM am Dëschtennis: Lëtzebuerger Damme wanne mat 3:0 géint den Iran

D'Sarah De Nutte, d'Ni Xia Lian, d'Tessy Gonderinger an d'Ariel Barbosa behale weiderhin d'Chance op d'Aachtelsfinalle bei der WM.

Op der Dëschtennis-Ekippe-Weltmeeschterschaft am chineeseschen Chengdu hunn d'Lëtzebuerger Dammen hir zweet Victoire am drëtte Match gefeiert. Duerch Victoirë vum Sarah De Nutte, Ni Xia Lian an Tessy Gonderinger huet ee sech e Sonndeg de Moien eiser Zäit mat 3:0 géint den Iran behaapt.

D'Ni Xia Lian, d'Sarah De Nutte, d'Tessy Gonderinger an d'Ariel Barbosa brauchen am leschte Match vun der Gruppephas géint Thailand eng weider Victoire, wa si weiderhin d'Chance op d'Aachtelsfinalle behale wëllen. Et qualifizéiere sech jeeweils déi zwee Gruppebescht an déi véier bescht Gruppendrëtt aus 6 Gruppe fir d'Aachtelsfinallen.

PDF: Schreiwes vun der FLTT