Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Elo offiziell: Nagelsmann an Toppmöller ginn, Tuchel neie Bayern-Trainer

Nodeem en Donneschdeg den Owend déi däitsch Medien gemellt haten, datt d'Bayern den Trainer erausgeheien, koum um Freideg d'Confirmatioun.

An dobäi ass dat agetraff, wat d'Medie schonn am Virfeld gemellt haten. De Julian Nagelsmann, deen d'Bayern am Summer 2021 fir 25 Millioune vun RB Leipzig geholl haten an deen nach e Kontrakt bis 2026 huet, krut de Stull virun d'Dier gesat an als Successeur kënnt en Ex-Chelsea, Ex-PSG, Ex-BVB an Ex-Mainz-Trainer Thomas Tuchel. Dem Veräin no kritt den Tuchel e Vertrag bis den 30. Juni 2025.

Well den Thomas Tuchel säin eegenen Trainerstaff matbréngt, mussen och d'Co-Trainer vum Julian Nagelsmann matgoen.

D'Bayern stinn aktuell an der Bundesliga op der zweeter Plaz, ee Punkt hannert dem BVB a véier virun Union Berlin. Ma och am DFB-Pokal an an der Champions League ass den däitsche Rekordmeeschter aus München nach dobäi.

Wéi et vum Kicker heescht, mussen d'Bayern dem Nagelsmann wéinst senger Entloossung elo eng héich Zomm bezuelen. Dem Kontrakt no géif déi an den éischten zwee Joer fälleg ginn. Fir déi Suen ze spueren, hätten déi Münchener de 35 Joer ale Futtballtrainer net virum Juli 2023 dierften entloossen. Et gëtt geschat, datt den Nagelsmann ronn 8 bis 9 Milliounen Euro am Joer vun de Bayern krut.