Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EM-Qualifikatioun: 1 Punkt fir d'Rout Léiwen an der Slowakei, Portugal wënnt géint Liechtenstein

Beim Optakt vun der EM-Qualifikatioun krut Lëtzebuerger et am Grupp J mat der Slowakei direkt mat engem schwéiere Géigner ze dinn.

Portugal huet mat 4:0 géint Liechtenstein gewonnen an Bosnien-Herzegowina huet 3 Punkte géint Island matgeholl. No enger gudder defensiver Leeschtung huet d'FLF-Formatioun ee Punkt an der Slowakei konnte mathuelen.

RTL-News: D'Resultater vun den anere Gruppen mat ë.a. Italien - England

De Resumé vum Match

Et gouf wéineg grouss Momenter an den éischte 25 Minutten. Dono haten d'Slowaken zwou Chancen, déi d'Defense awer ofwiere konnt. Am Géigenzuch dann och déi éischt richteg geféierlech Aktioun vun de Roude Léiwen, ma de Schoss vum Rodrigues konnt den Dubravka paréieren. D'Slowaken hunn dono de Match awer an d'Hand geholl an hu méi Drock gemaach an d'Lëtzebuerger zu Feeler gezwongen. Eenzeg déi leschte Pass huet nach bei der Heemekipp gefeelt. Quasi mat der leschter Aktioun haten d'Lëtzebuerger eng gutt Chance, ma en Defenseur konnt in extremis virum Rodrigues retten, deen u sech prett war, fir de Ball op de Gol ze käppen. Ouni laang nospillen ze loossen, goung et dunn an d'Paus.

Kuerz nom Téi huet de Moris seng ganz Klass gewisen, wéi hien en direkte Schoss vun engem Fräistouss vum Duda vun der Linn kraze konnt. D'Slowaken hunn d'Partie ëmmer méi u sech gerappt an d'Lëtzebuerger konnten an der 58. Minutt nees hirem Golkipp Merci soen, datt si net a Réckstand gerode sinn. An de Minutten dono gouf et manner grouss Chancen, a wann emol eng do war, wéi beim Rodrigues, huet d'Prezisioun gefeelt. An der zweeter Hallschent huet den Arbitter dunn 3 Minutten Nospillzäit ginn, an deenen awer och kee Gol méi sollt falen.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

Aktuell leien eis nach keng Stëmme vir.

Déi aner Matcher aus der Grupp J

RTL

© CARLOS COSTA / AFP

Mat der éischter gudder Chance vum Match sinn d'Portugisen och a Féierung gaangen, nodeem en geblockte Ball dem Cancelo virun d'Féiss gefall ass an dee sech d'Chance net huele gelooss huet. Portugal hat nach e puer gutt Chancen virun der Paus, ma Ronaldo, Fernandes a Co hunn déi Chancen net genotzt. Esou ass et mat engem enke Virsprong an d'Vestiaire gaangen. Ma no der Paus hu si et besser gemaach. De Silva huet e Feeler vun der Defense genotzt, fir op 2:0 z'erhéijen an e puer Minutte méi spéit, an der 51. krut Portugal no engem Foul e Penalty, deen de Ronaldo verwandele konnt. No 63 Minutten huet de Ronaldo dunn och nach op 4:0 erhéicht, dat dëst d'Kéier awer aus dem Spill eraus. Dëst sollt dann och de Schlussscore sinn

Island hat an den éischte Minutte de Bosnier a méi präzis dem Krunic entgéintzesetzen. Well hien huet mat sengen zwee Goler säi Land mat enger komfortabeler Féierung an d'Paus gaangen. No eppes méi wéi enger Stonn huet den Dedic dann och nach op 3:0 erhéicht. E weidere Gol sollt net méi falen.

RTL-News: D'Resultater vun den anere Gruppen mat ë.a. Italien - England