Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EM-Qualifikatioun: England klappt Italien, Dänemark kritt 3 Punkt géint Finnland

Da gouf et och nach Victoirë fir Slowenien, Nordmazedonien an Nordirland.

RTL-News: D'Resultater aus der Grupp vun de Lëtzebuerger

Op der Affiche war et den Toppmatch vun dësem Spilldag. Den aktuellen Europameeschter Italien trëfft op de Finalist vun der leschter EM England. Et waren dann d'Gäscht, déi besser an de Match koumen. No 12 Minutten huet de Bellingham de Ball just op d'Lat geschoss an eng Minutt méi spéit huet de Rice en ofgewierte Ball virun d'Féiss kritt an den 1:0 fir England geschoss. Italien selwer war am Ugrëff ze passiv an hätt just eng gutt Chance no 41 Minutten. Ma am Géigenzuch kruten d'Englänner no engem Handspill an dem Amësche vum VAR en Eelefmeter, deen de Kane ouni Problemer laanscht den Donnarumma brénge konnt. Esou goung et fir si mat enger 2:0-Féierung an d'Paus.

Ronn 10 Minutten nom Säitewiessel huet de Retegui vun der gudder Iwwersiicht vum Pellegrini profitéiert, fir op 1:2 ze verkierzen. D'Resultat ze halen ass fir d'Englänner no 80 Minutte méi schwéier ginn, well de Shaw no 78 Giel wéinst engem Foul an an der 80. wéinst Meckere gesinn huet an domadder vum Terrain geschéckt gouf. Ma d'Italiener sollten kee Gol méi fannen an esou ziddere sech d'Englänner zum Schluss zu dräi Punkten an Italien.

RTL-News: D'Resultater aus der Grupp vun de Lëtzebuerger