Dat ass ee vun de Constate vun enger Ëmfro, déi d’Chambre des Métiers zesumme mam ACL gemaach huet.
D’Resultater goufen en Dënschdeg op enger Pressekonferenz presentéiert. Iwwer 90% vun den Handwierksbetriber benotzen nach ëmmer thermesch Moteuren. Nëmme 15% vun den Entreprisë si mat Bornen equipéiert, wou d’Mataarbechter hir Gefierer kéinten oplueden.
Déi gréisst Erausfuerderung wier nach ëmmer d’Investissement an d’Elektromobilitéit. Donieft betount d’Handwierkskummer an den Automobilclub, datt och alternativ Technologië vun der Politik consideréiert an encouragéiert ginn.