Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ëmfro vun der BCL: Konsumenten hunn nees méi Vertrauen, wéi nach am August

RTL

© RTL-Archiv

D'Vertraue vun de Konsumenten huet sech de leschte Mount liicht favorabel entwéckelt, esou d'Lëtzebuerger Zentralbank.

Aus der Ëmfro, déi d'BCL all Mount mécht, geet ervir, datt sech zanter August all d'Indicateuren verbessert hätten, ausser d'Absicht Sue fir Akeef auszeginn.

Deen Indicateur ass op -31 gefall also 6 Punkte manner ewéi am Oktober nach oder 21 Punkte manner ewéi am November d'lescht Joer.

De generellen Indicateur vun der Confiance, dee ass par konter nëmmen nach -25 am Verglach mam Déifpunkt vu -30 Punkten am September. Wat déi wirtschaftlech Entwécklung ugeet ass een elo bei -40. Virun engem Joer war deen Indicateur eng kuerz Zäit am Positiven.