Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ëmweltkommissioun: Claude Turmes: Ënnerscheet bei Benefice vun Tankstellebesëtzer a Multinationalen

D'CSV hat den Energieminister an d'Ëmweltkommissioun geruff, fir méi gewuer ze ginn iwwert de Kontrakt vum Staat mam Groupement énerige & mobilité.

"Et muss en Ënnerscheed gemaach ginn, tëscht de risege Beneficer, déi zum Beispill vun Total oder Shell gemaach ginn, an den Tankstellebesëtzer zu Lëtzebuerg!", sot den Energieminister Claude Turmes e Mëttwoch no engem Echange mat den Deputéierten aus der Ëmweltkommissioun. D'CSV hat dësen Echange ugefrot, fir méi gewuer ze ginn iwwert de Kontrakt tëscht dem Staat an dem Groupement énerige & mobilité, deen zanter 2004 d'Pëtrolspräisser zu Lëtzebuerg reegelt.

Et misst ee bedenken, datt d'Marge vun den Tankstellebesëtzer hei am Land anerer wieren, huet de grénge Minister Claude Turmes betount. En Tankstellebesëtzer huet Personal, muss awer och dofir bezuelen, datt de Pëtrol vun Antwerpen, Rotterdam oder soss enzwousch op Lëtzebuerg kënnt. An déi Käschte sinn an de leschte Jore geklommen.

Et hätt een Opschloss krut, sot den CSV-Deputéierten Gilles Roth no der Sëtzung. Et géif keng Formel ginn, fir eng Nettomarge vun den Pétrolieren z'ermëttelen, mä eng Bruttomarge, mat där eben den Transport vum Sprit misst gedeckt ginn, awer och Personalkäschten an de Fonctionnement vun enger Tankstatioun. Et stellt sech eraus, datt déi Marge iwwert déi lescht Méint eropgesat gëtt, well d'Präisser, fir de Sprit op Lëtzebuerg ze bréngen, méi deier ginn ass an awer och, well manner Volume zu Lëtzebuerg vertankt gëtt, datt déi Bruttomarge an d'Luucht gesat gëtt.

De Claude Turmes huet betount, datt ee sech op europäeschem Niveau weider asëtze géif, datt d'Beneficer vun de grousse Pëtrols-Multinationale besteiert ginn. Den 30. September soll eng europäesch Steier dofir agefouert ginn.