En Dënschdeg hat d'EU-Kommissioun zu Bréissel den Industrieplang fir de "European Green Deal" presentéiert.
Dëse gesäit ënner anerem vir, dass Gelder an dräistelleger Milliardenhéicht aus aneren europäesche Fongen an de Klimaschutz fléissen. Ausserdeem sollen d'Reegele fir Staatshëllefe gelackert, a Klimaschutzprojete méi séier autoriséiert ginn.
In the next few years the economic shape of the net-zero age will be firmly set.
We have a strong starting point with the #EUGreenDeal
Now let’s be fast and united, to secure our place in this new economy.This will be my message to leaders at #EUCO ↓ https://t.co/PLh2y6DMHQ
— Ursula von der Leyen (@vonderleyen) February 1, 2023
Deen neie Plang ass awer och eng Reaktioun op den industrielle Subventiounsprogramm an den USA. Deen ass jo iwwer 430 Milliarden Dollar schwéier a soll Ureizer schafen fir auslännesch Firmen, hir Produktioun an d'USA ze verleeën.