Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Eng Zort Date-Safe: Lëtzebuerg offréiert zesumme mat der Belsch en neie Service fir Date-Sécherheet

Hei handelt et sech ëm eng "deconnectéiert souverän Cloud" oder méi einfach erkläert: eng Zort Safe fir Donnéeën.

Deen neie Service soll Entreprisen a staatlechen Acteuren et erméiglechen, wäertvoll Daten zu Lëtzebuerg ze späicheren. Google stellt d'Basis-Technologie fir dëse Service zur Verfügung, kann awer net kucke goen, wéi eng Date gespäichert sinn, huet de Paul Konsbruck, de Generaldirekter vu LuxConnect explizéiert, wéi en Invité am Journal op der Tëlee war.

LuxConnect an déi belsch Proximus assuréieren dëse Service.

Datt et e Partenariat mat Proximus gëtt an net mat, zum Beispill, der Lëtzebuerger Post, géif dorunner leien, datt et e Projet ass, deen iwwer Lëtzebuerg eraus geet. E Projet, deen och staark vun der Lëtzebuerger an der belscher Regierung ënnerstëtzt géif ginn.

Wann de Produit bis disponibel wier, kéint en awer och vun der Post an all deenen aneren Operateuren zu Lëtzebuerg offréiert ginn. Et géife vill potentiell Cliente ginn, seet de Paul Konsbruck. Dat hätt eng Etüd vum Marché gewisen.

Wat de Produit fir de Client kascht, ass nach net definitiv gekläert, mä et wier en deiere Produite, e Premium-Produit mat ganz spezifesche Servicer, wou ee ka sécher sinn, datt engem seng Donnéeën net an déi falsch Hänn kommen, mä am Datenzenter bleiwen. Also méi wéi e klassesche Cloud-Service.

De Paul Konsbruck, de Generaldirekter vu LuxConnect am Interview

Lëtzebuerg offréiert zesumme mat der Belsch e neie Service fir Date-Sécherheet.

Et ass awer kee Projet, dee mat Steiersue finanzéiert géif ginn. Déi lescht Woch hat et och geheescht, datt den Datenzenter vu Google keng Prioritéit méi fir d'Entreprise ass, mä datt se awer eng éischt Presenz zu Lëtzebuerg kritt. Eng Presenz, déi däitlech méi ass, wéi just eng Bréifboîte, esou de Paul Konsbruck: "Si schwätzen, wann ech zitéieren, vu "meaningful presence" zu Lëtzebuerg. Dat heescht nach ëmmer net ob dat elo 5, 50 oder 500 Leit sinn, mä deen neie Produit vun deem ech virdru geschwat hunn, wëlle si ganz breet an Europa offréieren an se wëllen iwwerhaapt am Cloud-Beräich an Europa méi grouss ginn. Hire Footprint ass do relativ kleng par rapport zu hire Konkurrenten an si hunn annoncéiert, datt se fir de Marché an Europa an natierlech och elo zu Lëtzebuerg am Cloud Beräich ze begleeden an z'attackéieren, vu Lëtzebuerg aus schaffen. Mir gi schonn dovunner aus, datt do Leit op Lëtzebuerg kommen an dat ass eng ganz gutt Nouvelle. "

Google huet donieft annoncéiert zu Lëtzebuerg e Cyber Security Center ze maachen, et geet Rieds vu Kooperatiounen am Fuerschungsberäich a vu Kompetenzzentren an domadder leet Google sech fir seng Verhältnisser ganz wäit aus der Fënster, seet de Generaldirekter vu LuxConnect.