Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Engel a Fayot: Kuerzaarbecht fir Immobiliësecteur "bal onméiglech"

D’Nouvellë vu Plazenofbau bei Husky an Dupont Teijin maachen der Regierung Suergen an et ass net déi Richtung an déi ee wéilt, datt et geet.

Dat hunn den Aarbechtsminister Georges Engel an de Wirtschaftsminister Franz Fayot am RTL-Interview gesot. Bei LSAP-Ministeren hunn awer op déi Lëtzebuerger Instrumenter vum "Maintien dans l’emploi" a vum "Chômage partiel" higewisen. D’Hoffnung wier, datt een esou d’Leit, déi an deene Betriber hir Plaz verléiere kann op enger anerer Plaz beschäftegen oder méi spéit nees astellen. Ugeschwat op Faillitten, déi sech am Bausecteur oder bei den Immobilienagencen undeiten, hu béid Ministeren allerdéngs erkläert, datt et fir déi Betriber schwiereg wier, déi Instrumenter ze benotzen. De Franz Fayot an de Georges Engel hu vun engem héich konkurrenzielle Secteur geschwat, wou een net kéint als Staat intervenéieren, well ee soss de Marché géing verzerren. Natierlech wier d’Regierung net frou, wann am Bau- an Immobiliësecteur Leit hir Aarbecht verléieren. Mee vu déi grouss Margen, déi déi Betriber déi lescht Joere gemaach hätten, wier et un de Patronen, do d'Verantwortung z’iwwerhuelen an ze probéieren, hir Leit nach un der Staang ze halen.

Den Aarbechtsminister huet iwwregens drop higewisen, datt Lëtzebuerg mat 2 Immobilienagencen op 1.000 Awunner ganz uewen am Klassement wier. Dem Wirtschaftsminister no wier et "bal onméiglech", de Chômage Partiel fir déi Betriber anzesetzen.

Ob et méi Faillitten a méi Chômage wäert ginn? Op déi Fro huet de Franz Fayot geäntwert, datt eng allgemeng Rezessioun onwarscheinlech wier. Mee et wier kloer, datt – ewéi am Ausland – d’Ekonomie géing méi lues dréinen. Dat wier eng Konsequenz ënnert anerem vun der Geldpolitik vun den Zentralbanken, déi jo awer och néideg wier, fir d’Inflatioun ze bekämpfen.