Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Entrevue zu Bréissel: Minister Bausch an NATO-Generalsekretär Stoltenberg schwätzen iwwer Verdeedegung

De grénge Verdeedegungsminister François Bausch huet sech e Méindeg mat dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg zu Bréissel getraff.

Bei der Entrevue hunn déi zwee Politiker iwwert de Krich an der Ukrain geschwat an doriwwer, wéi een den NATO-Territoire an Zukunft besser séchere kéint, notamment an Osteuropa. "Mir sinn absolutt d'Accord mam Fakt, datt mir den Investissement an eis gemeinsam Defense mussen eropsetzen", sot de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister. Déi Lëtzebuerg géif weiderhi seng Obligatiounen als Alliéierten erfëllen a géif sech a Projeten engagéieren, déi der Gemeinschaft zegutt kéimen, esou de François Bausch. "Zanter 2014 huet Lëtzebuerg säi Verdeedegungseffort méi wéi verduebelt a mir si beméit, e bis 2028 nach emol ze verduebelen" huet de Minister erkläert.

De Minister Bausch an den NATO-Generalsekretär Stoltenberg hunn och iwwert de Cyber- an de Weltraumsecteur geschwat, an deene Lëtzebuerg sech engagéiert.

Viru kuerzem gouf jo eréischt de Projet "Luxembourg Cyber Defence Cloud" annoncéiert. Fir 250 Milliounen Euro baut Lëtzebuerg eng Cloud op, déi am Beräich vun der Defense och vun den NATO-Partnerlänner soll genotzt ginn. Mat LUXEOSys wäert Lëtzebuerg iwwerdeems een eegenen Observatiounssatellit an d'Ëmlafbunn schéissen.