Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EPC-Sommet a Moldawien: Premier Bettel erhofft sech "ee richtegen Echange"

Déi Europäesch Politesch Gemeinschaft, kuerz EPC, trëfft sech en Donneschdeg a Moldawien fir e Sommet.

Mat derbäi sinn déi politesch Spëtzte vu 47 Länner an EU-Institutiounen, dorënner och de Premier Xavier Bettel. Et geet ëm d'Gespréich, konkret Decisioune gi keng erwaart, ënnersträicht de Premier Xavier Bettel, dee Lëtzebuerg vertrëtt. "Konkret Decisioune sinn och net de But. Zu Bréissel streide mer iwwer Kommaen a Punkten. Hei ass méi fir zesummen ze diskutéieren. Dat Bilateralt hu mer all Dag. Et sinn déi spontan Echangen. Mir hunn och Aarbechtsgruppen, wou ech mam britteschen a mam polnesche Premier iwwer Sécherheetsfroen a Europa  schwätzen. An ech hoffen datt do net einfach Rieden erofgeraddert ginn, déi een am Büro geschriwwe krut, mee datt mer e richtegen Echange hunn. Dat ass de But vun esou Reuniounen."

D'EPC geet op eng Iddi vum franséische President Macron zeréck, deen am Mee d'lescht Joer vun engem neie Raum fir politesch Zesummenaarbecht, Sécherheet a Kooperatioun iwwert d'EU eraus geschwat hat. D'EPC gouf am Oktober zejoert zu Prag als europäesch Reaktioun op déi russesch Invasioun an der Ukrain gegrënnt.

Dofir sinn och Staats- a Regierungscheffen invitéiert, deene méi autokratesch Tendenze reprochéiert ginn, wéi de frësch-erëmgewielten tierkesche President Erdogan oder den aserbaidschanesche Staatschef Alijev.

D'EPC kann een als méi eng informell Plattform fir geo-strateegesch- an Energiefroe gesinn. Den Donneschdeg ass iwwerdeems och den ukrainesche President Selenskyj a Moldawien ukomm a gouf vun der Presidentin Maia Sandu begréisst.

RTL

© Jeannot Ries / RTL

Dass een a Moldawien beieneen ass, huet iwwregens e grousse symbolesche Charakter. Déi fréier Sowjetunioun ënnert der Féierung vum pro-westleche Premier Recean wiert sech géint den Afloss vu Russland. Am Weste läit déi selwer-ernannte Republik Transnistrien, déi zwar offiziell zu Moldawien gehéiert, awer vu pro-russesche Separatiste kontrolléiert a vu Moskau ënnerstëtzt gëtt.