

De Walpodcast
Episode 8: Keng Wonnerléisung am Norden
Fir déi aacht Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi éischt vu veier Debatteronnen, nämlech déi am Norden. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Stéphanie Empain vun Déi Gréng, Claude Haagen vun der LSAP, Christophe Hansen vun der CSV, Ben Polidori vun der Piratepartei, Marc Hansen vun der DP, Opalia Gara vun déi Lénk a Jeff Engelen vun der ADR. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob den Norden e Stéifkand vun der nationaler Politik ass, wéi een den Transportproblem ka léisen a wat muss gemaach ginn, fir d’Gesondheetsversuergung an der Regioun ze verbesseren. Den nächsten Debat ass en Donneschdesowes ëm 19.30 am Süden zu Esch/Belval an der Halle des Poches à Fonte.