Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Erweiderung vum Embargo op de russeschen Ueleg: Verbuet vum Import vu russeschem Diesel a Bensinn

Zanter e Sonndeg dierfen d'EU-Memberlänner keng fäerdeg Ueleg-Produiten, ewéi Bensinn, Diesel oder Kerosin méi aus Russland importéieren.

Den Embargo ass Deel vun engem Sanktiounspak, op deen d'Memberlänner sech schonn am Juli zejoert gëeenegt haten. Dësen hat allerdéngs eng länger Iwwergangszäit, fir Produiten, déi op Ueleg-Basis produzéiert ginn, virgesinn.

Weiderhin huet d'EU zesumme mat internationale Partner e Präisdeckel fir russesch Pëtrolsproduiten festgeluecht. Dëse soll Russland zwéngen, seng Pëtrolsproduiten ënnert dem Maartpräis un Drëttstaaten ze verkafen. Dat soll funktionéieren, well méi wéi d'Hallschent vun den Ueleg-Tanker vun europäesche Reidereie bedriwwe ginn. Déi géife keng Pëtrols-Liwwerunge méi fir Russland transportéieren, wann de Präisdeckel net agehale géing.

Experten no kéinten den Embargo an de Präisdeckel op déi russesch Ueleg-Produiten d'Präisser op der Pompel no uewen dreiwen.