Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Esch soll méi sécher ginn: D'Gemeng huet hiren neie Sécherheetsplang virgestallt

Nieft Iwwerwaachungskameraen op sensibele Plaze solle méi Police-Patrullen am Zentrum Presenz weisen an d'Sécherheetsgefill bei den Escher verbesseren.

Di lescht Méint iwwer huet d'Police sech genee ugekuckt, wéi eng Strofdoten op wéi enge Plaze festgestallt goufen. Genee op dee Plaze sollen d'Patrulle verstäerkt ginn.

Donieft sollen och Kameraen hëllefen, fir d'Kriminalitéit an de Grëff ze kréien. Op 8 Plaze soll eng Video-Iwwerwaachung installéiert ginn, dorënner d'Uelzecht-Strooss, Brill-Plaz an d'Gare.

Wann et der Gemeng no géing goen, géingen d'Kamerae scho muer opgehaange ginn, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

Et muss een allerdéngs nach d'Autorisatiounen aus dem Ministère fir bannescht Sécherheet ofwaarden. Ugangs 2024 kéinten d'Kameraen zu Esch dann a Betrib geholl ginn.