Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Etüd iwwer Léiere wärend Corona-Pandemie: Schüler hu 35 Prozent manner vum Programm ëmgesat kritt

An enger Meta-Analyse goufen 42 Etüden aus 15 Länner zesummegefaasst, fir ze gesinn, wéi een Impakt d’Corona-Pandemie op d'Léieren an der Schoul hat.

Wat sinn d’Haapterkenntnisser?

Schüler hu wärend der Pandemie 35 Prozent manner vum Programm kënnen ëmsetze wéi a normale Joren.

Virun allem Kanner aus méi schwaache sozio-ekonomesche Schichten an aarme Länner si méi staark betraff.

D’Wëssenschaftler roden, datt dës Defiziter duerch zousätzlech Offere misste kompenséiert ginn.

An der Mathematik wieren d’Defiziter méi grouss gewiescht, wei zum Beispill beim Liesen, d’Auteuren erklären dat doduerch, datt et fir Eltere méi einfach gewiescht wier, am Lockdown ze liesen, wei Mathésaufgaben ze léisen.

Wat gouf analyséiert?

Fir dës Analys goufen Etüden aus 15 Länner zesummegefaasst, dorënner aus den USA, Groussbritannien, Mexiko oder Brasilien. Eng Etüd aus Lëtzebuerg ass net berécksiichtegt ginn.

Wat ass déi wëssenschaftlech Relevanz vun der Etüd?

Fir de Prof. Dr. Klaus Zierer vun der Universitéit Augsburg géif duerch de Léier-Defizit eng «Generatioun Corona» entstoen, déi besonnesch ënnert der Pandemie gelidden hätt. Dat wier de Fall bei deene jéngsten, déi aus sozio-ekonomesch méi schwaache Verhältnisser kommen.

„Je früher es gelingt, gegenzusteuern, desto besser ist es. Das Problem ist sicherlich, dass angesichts eines (weltweiten) Lehrermangels vor allem das Personal fehlt. Hinzu kommt, dass die Konzepte nicht erarbeitet wurden und alle auf Digitalisierung schielen, die sich aber nicht als Retter in der Pandemie bewährte, sondern als Treiber für Bildungslücken (gerade in der Freizeit durch einen zunehmenden und unreflektierten Konsum). Vielmehr steht Digitalisierung als Treiber für Bildungsungerechtigkeit, weil je nach Bildungsniveau digitale Medien anders genutzt werden. Damit bleibt es die Herausforderung für die nächsten zwei, drei Jahre, hier vernünftige Konzepte anzubieten.“, erkläert de Spezialist fir Schoulpädagogik, Prof. Dr. Klaus Zierer.

RTL

© Envato

Wei ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

D’Kompetenzwäerter bei den Epreuves standardisées wieren zimmlech stabel iwwert déi lescht Jore gewiescht, esou den Educatiounsministère op Nofro. Lëtzebuerg wier besser duerch d’Pandemie komm wéi vill aner Länner, d’Schoule wieren iwwert d’Dauer vun der Pandemie méi op gewiescht. De Bildungsbericht wier do zu änleche Conclusioune komm.

Trotzdeem wier engem bewosst, datt et och an de Lëtzebuerger Schoulen nach grouss Defiziter gëtt. Engersäits géif et Ecart ginn ënnert de Schüler, déi aus verschiddene sproochlechen Hannergrënn kommen, an och sozio-ekonomesch Facteure géife bei Ongläichheeten eng Roll spillen.