Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Asylreegele gi verschäerft: Wann et esou weidergeet, maache mer Schengen futti, esou de Jean Asselborn

No jorelaangen Diskussioune si sech d'EU-Memberstaaten en Donneschdeg den Owend hei zu Lëtzebuerg eens ginn: d'Asylprozedur gëtt däitlech méi streng.

Wann een aus engem soi-disant "séchere" Land kënnt, soll een an Zukunft, nodeems een iwwer d’EU-Grenz komm ass, an enger Zort Prisong festgehalen a virkontrolléiert ginn. Bannent 12 Woche soll gepréift ginn, ob ee Chancen op Asyl huet. Wann net, gëtt deejéinegen direkt a säi Land zréckgeschéckt. Dat haten virun allem Länner gefuerdert, déi staark vun illegaler Zouwanderung betraff sinn, wéi Griichenland, Italien a Bulgarien, mä och Polen, Ungarn an Éisträich hu sech derfir ausgeschwat.
D’Majoritéit vun de Flüchtlingen, zum Beispill aus Syrien, Afghanistan an dem Sudan, soll weider d’Recht op eng normal Prozedur hunn.

Fir Famillje mat Kanner ginn et keng extra Reegelen, sou wéi Däitschland, Irland, Portugal an och Lëtzebuerg dat gefuerdert haten. An engem Communiqué vu en Donneschdeg den Owend gëtt de Jean Asselborn zitéiert, dass et fir hien ganz schwiereg z’acceptéieren wier, dass esou eng Reegelung net direkt festgehale gi wier.

An Zukunft soll et och méi Solidaritéit ënnert den EU-Länner ginn. Wann een als Land keng Flüchtlinge wëll ophuelen, kann ee sech "fräi kafen" mat 20.000 Euro pro Demandeur d’Asyl.

Asselborn: Vill Länner wëlle léiwer pickegen Drot ëm sech

Wann et an der Asylpolitik esou weider geet, maache mer Schengen futti, dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn e Freideg de Moien am RTL-Interview.

Leider hätt eng grouss Majoritéit vu Länner léiwer pickegen Drot, fir sech ofzeschotten. E Kompromëss wär extrem schwiereg gewiescht. Dat eent kéint ee matdroen, anert manner. Lëtzebuerg hätt misse mam Kompromëss d’Accord sinn, fir dat Ganzt net ze blockéieren.

Ouni Resultat hätte Länner wéi Ungarn a Polen, mä och aner Länner gewonnen, esou de Jean Asselborn, dee betount, datt am Conseil och Länner sëtzen, déi zu allem "Nee" soen. Ouni en Accord wier een an eng Situatioun komm, wou ee jorelaang net virukomm wier.

Gemengt sinn do, datt ee keng Ausnamen fir Famille mat Kanner duerchgesat krut.

De Lëtzebuerger Ausseminister hofft, datt do nach mam Europaparlament eng besser Léisung méiglech ass.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn

Pak soll nach dëst Joer ugeholl ginn

De ganze Pak geet elo dann an d’Europaparlament, wou d’Verhandlunge bis Enn des Joers sollen ofgeschloss sinn. Geschitt dat net, wäert dat Ganzt net virun de nächsten Europawalen am Juni 2024 a Kraaft trieden, an da kéinten nei politesch Konstellatiounen nei Verhandlungen néideg maachen.