Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Kommissioun: Nei Laangstrecken-Zuchverbindungen uechter d'EU - Lëtzebuerg net op der Kaart

En Dënschdeg huet d'EU-Kommissioun ee Plang annoncéiert, mat deem zéng Laangstrecken-Zuchlinnen uechter Europa nei etabléiert oder verbessert solle ginn.

De Plang ass et, de grenziwwergräifenden Zuchverkéier ze verbesseren, a se esou net just méi séier a méi bëlleg, mee och méi accessibel fir d'Leit op Reesen ze maachen.

Virgesi si souwuel den Ausbau vun normale Laangstrecken-Zuchverbindungen, wéi och vun Nuetszich, zum Beispill vu Bréissel op Barcelona oder vu Paräis iwwer Mailand bis op Venedeg. Lëtzebuerg ass op der Kaart vun de geplangte Projeten allerdéngs net verzeechent.

RTL

© Image by  European Commission

Zu München ginn direkt véier Routë lass, ënnert anerem an der Direktverbindung op Zürech, op Mailand, op Roum an op Wien. Vu Berlin aus soll iwwerdeems den Nuetszuch-Service bis op Stockholm ausgebaut ginn. Schonn elo kann een do iwwer Nuecht bannent ronn 14 Stonnen de kompletten Trajet maachen.

De skandinavesche Raum ass iwwer Laangstrecken-Zuchverbindungen u sech scho ganz gutt vernetzt, mee och do solle Linnen ausgebaut ginn. Eng potentiell nei Linn soll aus dem schweedesche Göteborg bis an dat norwegescht Oslo féieren.

Déi Europäesch Transportkommissärin Adina Vălean wëll mat dem Soutien fir déi zéng Projeten déi wuessend Demande fir gréng Mobilitéit ënnerstëtzen: "Mir brauchen een Zuchreseau, dee besser a méi séier reagéiert, virun allem bei laangen a grenziwwergräifende Strecken. Dowéinst wëll déi europäesch Kommissioun Zuchbedreiwer dobäi hëllefen, nei international Zuchverbindungen ze kreéieren - iwwer Dag an iwwer Nuecht - doduerch, datt déi vill Hürde fir de grenziwwergräifenden Zuchverkéier erofgebrach ginn."

Nuetszich feieren e Comeback

Nodeems d'Nuetszich iwwer Joren ënnert der staarker Konkurrenz vu Bëlleg-Flich gelidden hunn, schéngt déi gréng Alternativ elo nees e Comeback ze feieren.

Et ass en Ëmdenken ze erkennen a vill Länner bauen hir Reseauen nees aus. Esou zum Beispill an Éisträich. Den "Nightjet der Zukunft" soll 2023 mat Verbindungen an Italien op d'Schinne kommen. A Groussbritannien sinn déi zwee Nuetszich Night Riviera an de Caledonian Sleeper iwwerdeems scho moderniséiert ginn.

Och déi franséisch SNCF wëll seng Intercités de Nuit nees ausbauen, nodeems bis 2016 déi meeschte Verbindunge gestrach gi waren. Änlech Bestriewunge ginn et och an zum Beispill an Däitschland a Schweden, esou datt hei an deenen nächste Joren nach mat ville Verännerungen ze rechnen ass.