Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Parlament a Memberlänner eens: Erneierbar Energien an Europa solle weider ausgebaut ginn

Bis 2030 wëll d'Europäesch Unioun 42,5 Prozent vun hirer Energie aus Wand, Sonn a Waasser bezéien.

Dorobber hu sech d’Parlament zu Stroossbuerg an d’EU-Memberlänner en Donneschdeg de Moie gëeenegt. D'Zil ass zimmlech éiergäizeg. Bis 2030 soll den Undeel u Solar- Wand- a Waasserkraaft op 42,5 Prozent klammen. Aktuell läit dat uviséiert Zil nach bei 32 Prozent.

D'Eenegung muss nach formell vum Parlament an de Memberlänner ofgeseent ginn, ier et a Kraaft trëtt. Deen Ament gi keng Ännerungen méi erwaart.

Déi iwwerschafften Ziler sinn Deel vun den Direktiven, déi d'EU sech am Klimapak bis 2030 ginn huet, an deem de generellen CO2-Austssouss ëm 55 Prozent soll reduzéiert ginn.

2021 huet d'EU hir Energie aus Stroum, Loft, Waasser an aner alternativ Sourcen. Dësen Undeel schwankt vu Land zu Land allerdéngs staark. Iwwerdeems Schweden op 63 Prozent kënnt an domat Spëtzereider ass, leie Lëtzebuerg, Malta, Holland an Irland ënner 13 Prozent.