Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Sommet zu Bréissel: Ënnerschiddlech Positioune beim Verbrenner-Verbuet

Däitschland steet net méi eleng do mat der Fuerderung, de sougenannten E-Fuels eng Chance ze ginn. Ënnerstëtzung kënnt aus Éisträich.

Um EU-Sommet hunn d'Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel weider Militärhëllef fir d'Ukrain decidéiert. Den UNO-Generalsekretär António Guterres begréisst d’Propose vu Friddensgespréicher. Wat de Verbrenner-Verbuet ugeet, sinn iwwerraschend ënnerschiddlech Positiounen opkomm. Éisträich schléit sech op d’Säit vun Däitschland.

Wat de Sträit ronderëm de Verbrenner-Verbuet ugeet, esou sot d'EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola, dass en Accord net einfach kéint réckgängeg gemaach ginn. Dobäi géing et och ëm d'Vertrauen an d'Politik goen. Änlech Téin huet de Lëtzebuerger Premier fonnt. Et kéint een en Accord, dee scho geholl gouf, net bemol änneren. Fir de Xavier Bettel sinn E-Fuels nëmme fir Schëffer oder Fliger eng Alternativ. Virun allem déi Jonk, déi sech vill fir eng méi nohalteg Politik asetzen, wiere soss enttäuscht a géinge komplett d’Vertrauen an d’Politik verléieren. Fir si géing d’Verbuet vun 2035 un keng Autoen mat Verbrenner-Motor méi ze verkafen, souwisou net wäit genuch goen.

Eng aner Vue huet den éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer. Um Enn vum éischten Dag gouf et am Kader vum EU Sommet intressant Aussoen zu deem Thema. Däitschland steet net méi eleng do mat der Fuerderung, de sougenannten E-Fuels eng Chance ze ginn. Och Frankräich géif d'Positioun vun Däitschland ënnerstëtzen, sot den Nehammer en Donneschdeg. Et wier e wichtegt Signal, dass ee weider technologie- an innovatiounsfrëndlech bleift, wann een den Klimawandel géif eescht huelen an dogéint wéilt ugoen, esou den Nehammer weider.

D'E-Fuels als Alternative zum Elektroauto?

Zu enger méi grousser Iwwerraschung koum et um éischten Dag vun EU-Sommet, wat d'Mobilitéit vun der Zukunft ugeet.

Den FDP-Verkéiersminister Wissing, deen alles a Fro gestallt hat, huet e méiglech Léisungsvirschlag op den Dësch geluecht. Verbrennungsmotoren, déi just mat syntheeteschem Sprit, also E-Fuels, betankt kënne ginn, sollen och no 2035 erlaabt sinn.

Ukrain-Krich bleift e wichtege Sujet um EU-Sommet

De Munitiounspak, deen d'Aussen- a Verdeedegungsminister Ugangs der Woch ausgehandelt haten, gouf gestëmmt. An den nächsten 12 Méint sollen eng Millioun Schëss Artilleriemunitioun un d'Ukrain geliwwert ginn. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hat virum Treffen ugekënnegt, dass hie sech fir Friddensverhandlunge wéilt staark maachen.

D'USA a China sollten dës Friddensgespréicher uféieren andeems si eng gemeinsam Positioun ausschaffen, esou d'Propose vum Premier Xavier Bettel. Den UNO-Generalsekretär António Guterres hätt dat begréisst a wier och der Meenung, dass China net sollt ausgeschloss ginn. Ma op der anerer Säit wier och Virsiicht ubruecht.

Bis ewell hätt China keng däitlech Zeeche ginn, fir Europa ze ënnerstëtzen. Et sollt awer partout verhënnert ginn, dass Russland a China eng staark Allianz opbauen. Och dowéinst hätt de franséische President Emmanuel Macron decidéiert a China ze reesen, wéi hiem dem Premier Xavier Bettel sot. De Premierminister hätt selwer net Ament net geplangt a China ze reesen.

All Effort fir en Dialog mat China opzebauen wier wichteg, esou nach de Premier Xavier Bettel.

Um Freideg sinn d'Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank an de Paschal Donohoe, President vum Eurogrupp um EU-Sommet. Konkret Froen hätt de Premier nach keng. Hien hätt geléiert als éischt nozelauschteren an dann Froen ze stellen, esou de Xavier Bettel op Nofro.