Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Ukrain-Sommet zu Kiew: Nicolas Schmit: Der Ukrain liwweren, wat se brauch

Nieft engem méiglechen EU-Bäitrëtt goung et ëm déi weider finanziell a militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain.

Den EU-Sommet zu Kiew ass e Freideg de Mëtteg op en Enn gaangen. An der ukrainescher Haaptstad goung, nieft weiderer finanzieller a militärescher Ënnerstëtzung fir d'Ukrain, och den 10. Sanktiounspak géint Russland decidéiert, deen dëst Kéier virun allem Technologië viséiert.

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen war mat enger grousser Delegatioun vu Kommissiounsmembere mam Zuch op Kiew gereest. Dorënner den Nicolas Schmit, deen antëscht nees zeréck zu Lëtzebuerg ass.

D'Ukrain ass am Krich, ma d'Leit zu Kiew hunn eng immens Rou, erzielt de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit. Delegatioun hat awer och en Dag geroden ouni russesch Attacken.

"Da mierkt een eigentlech net zu Kiew, dass Krich ass an, dass déi Stad reegelméisseg bombardéiert gëtt. Mee wann ee mat de Responsabele schwätzt, spiert een, dass si natierlech virun enger enormer Erausfuerderung stinn. Si mussen dee Krich do gewannen. Mir kënnen nëmmen wëllen, dass si dee Krich do gewannen."

D'ukrainesch Arméi kämpft weider ëm all Metercarré Territoire. Zanter Méint probéieren d'russesch Truppen zum Beispill d'Stad Bachmut am Osten ze erueweren. Deslescht hat et fir d'Ukrainer net gutt ausgesinn. De President Wolodymyr Selenskyj huet op der Pressekonferenz fir den Ofschloss vum Sommet annoncéiert, op kee Fall kleng bäizeginn.

"Kee wäert Bachmut opginn. Mir kämpfen esou laang wéi mir kënnen. Bachmut ass eis Festung. Leit, déi do stierwen, si fir eis Helden."

Ma de Selenskyj verlaangt awer westlech Bedeelegung. Hie fuerdert op en Neits Waffe fir gréisser Distanzen: virop Laangstreckerakéiten. Domat kéint d'Ukrain Gebidder, déi vun de russeschen Truppe besat sinn, befreien. Dem Nicolas Schmit no misst d'Ukrain grad elo dat Material kréien, dat se freet.

"Dee Krich kann nëmmen vun der Ukrain gewonne ginn. Wann d'Ukrain iwwerleeën ass, wat d'Waffen ubelaangt. Déi Superioritéit kënnen nëmmen d'Europäer an d'USA ginn. Soss gi mir an d'Spill vum Putin. Hie wëll dee Krich do an d'Längt zéien, well en d'Gefill huet, dass, wat dee Krich méi laang dauert, wat Russland mat de méi grousse Ressourcen, d'Iwwerhand kritt. De Russen ass et jo egal, wéi vill vun hire Leit stierwen. All Dag ginn do eng Hellewull u Leit an den Doud gedriwwen an dat schéngt dem russesche Regime egal ze sinn."

Zweet ukrainesch Revendicatioun: den EU-Bäitrëtt. Et géif een den absolutte Wëllen dofir spiere bei den Ukrainer, betount den Nicolas Schmit. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet um zu Kiew betount, dass et mat Bléck op den méigleche Bäitrëtt vun der Ukrain keng fix Delaie gëtt, allerdéngs misst d'ukrainesch Regierung eng Rei Ziler erreechen, fir dass eng Opnam méiglech gëtt.