Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Euro Meet - 1. Dag: Romanchuk wënnt 1500m Fräistil, Henx iwwer 50m Papillon op Plaz 6

Zanter 2012 schwëmmt de Mykhailo Romanchuk reegelméisseg um Euro Meet. Allerdéngs ass de 6-fachen Europameeschter dëst Joer net an der beschter Verfassung.

Den Ukrainer huet eng Entzündung an der Schëller, an de Krich am Hannerkapp.

Am Shooting Star, dem iresche Schwëmmer Daniel Wiffen, hat de Romanshuk zolidd Konkurrenz op de 1500 Meter. Mat 1 Sekonn Avance gewënnt de Romanschuk. Et ass scho bal e Wonner, dass dat ukrainescht Nationalteam mat 12 Schwëmmer um Euro Meet ass.

D’Ukrainer hunn Topschwëmmer an hire Reien, um Beispill vum Denys Kesil ganz no um Meetrekord, allerdéngs hunn déi, déi am Land bliwwe sinn, komplizéiert Trainingskonditiounen. Déi wéinegst Schwämmen, wa se net zerbommt goufen, hu Waasser.

RTL

De Lëtzebuerger Schwëmmer feelt et net un Trainingsméiglechkeeten. Um Freideg koum d’Iwwerraschung vum jonke Joao Carneiro, dee sech fir d’A-Finall iwwert d’200 Meter Papillon qualifizéiert hat a fir d'B-Finall iwwert 50 Meter.

De Julien Henx, stoung nach ni um Euro Meet um Podium. Eng 4. Plaz, ass bis elo seng beschte Placéierung gewiescht. Um Freideg wollt den Athlet onbedéngt am 50 Meter Papillon ënnert déi 3 Bescht kommen. Hie gouf de Sechsten.

RTL

E Samschdeg steet den 2. Kompetitiounsdag vum Euro Meet um Programm, deen da vun 9 Auer un am Livestream op RTL.lu ka verfollegt ginn, vu 16 Auer un och live op RTL ZWEE, mat Commentaire vum Tom Flammang a Raphaël Stacchiotti.