Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Eurobarometer 98: Logement a Präisdeierecht wichtegst Erausfuerderunge fir Lëtzebuerg

9 vun 10 befrote Lëtzebuerger Residente bewäerten déi allgemeng Situatioun zu Lëtzebuerg souwéi hir eege berufflech a finanziell Lag als gutt.

Trotz Krich an der Ukrain an der héijer Inflatioun gëtt et dem Eurobarometer fir de Wanter 2022/2023 no eng positiv Stëmmung ënnert de Lëtzebuerger Residenten. D'Majoritéit vun de Befrote bewäert d'Situatioun op nationalem a perséinlechem Niveau als gutt.

Trotzdeem bleiwen de Logement an d'Präisdeierecht d'Haapterausfuerderunge fir Lëtzebuerg, virum Ëmwelt- a Klimaschutz souwéi der Energieproblematik. Zwou Entwécklungen, déi besonnesch opgefall sinn, ass engersäits d'Onsécherheet vun de Residenten, déi duebel sou dacks genannt gouf an anerersäits d'Energieversuergung, déi zanter der leschter Ëmfro nëmmen nach hallef esou vill genannt gouf.

Fir 72% vun de befrote Lëtzebuerger Residenten gesinn déi russesch Invasioun als reell Gefor fir Lëtzebuerg un. Deemno begréisst d'Majoritéit och d'europäesch Mesuren.