Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Europa League: FC Sevilla wënnt d'Finall géint AS Roum am Eelefmeterschéissen

Mam FC Sevilla stoung nees den absolutten Expert an der Europa-League an der Finall. Den Traditiounsclub aus Spuenien ass nämlech Rekord-Champion.

Mam FC Sevilla stoung nees den absolutten Expert an der Europa-League an der Finall. Den Traditiounsclub aus Spuenien ass nämlech Rekord-Champion. D'Ekipp huet d'Europa-League schonns 6 Mol gewonnen, eleng 4 mol an de leschten 9 Joer.

Den AS Roum hat dann och wei erwaart vill Ballbesëtz an huet e proppert Passspill gewisen. Et gouf op de richtege Moment gewaart, fir déi géigneresch Defense ze destabiliséieren an auszekonteren. Sevilla dogéint versicht an der éischter Hallschent ëmmer nees offensiv géint Roum unzegoen, ma d'Ofwier vun den Italiener steet an den éischte 45 Minutten.

An der 35. Minutt ass et dann de Paulo Dybala, deen no enger Pass vum Gianluca Mancini den 1:0 fir den AS Roum mécht.

Déi lescht Minutte vun der éischter Hallschent war Sevilla dann nees méi a Ballbesëtz an huet e kontrolléierte Match gespillt an hat virun Enn vun der 1. Hallschent nach déi eng oder aner gutt Chancen. Et goung awer mam 0:1 Réckstand aus Siicht vun de Spuenier an d'Kabinnen.

Änlech offensiv a geféierlech ass Sevilla dann och an déi 2. Hallschent vun dëser Finall gaangen an hat direkt an den éischte puer Minutten eng Réi gutt Chancen erausgespillt.

An der 55. Minutt dunn ass dem Gianluca Mancini vum AS Roum a Malheur geschitt. Hie wollt an sech an eng Offensiv Pass goen, huet awer dorausser en Eegegol gemaach. 1:1 Gläichstand. Bei dësem Score ass et dann och bis iwwert déi 90 Minutten eraus bliwwen, sou dass et an der 2. Hallschent net zu enger Decisioun komm ass an nogespillt gouf.

An der Verlängerungen hu béid Ekippe sech ufanks näischt geschenkt an et blouf extrem spannend fir d'Spectateuren. Ma géint dem Enn vun der 2. Nospillzäit war d'Loft awer du spierbar bei béiden Ekippen eraus an och nodeems den Onparteieschen nach eemol bal 12 Minutten drop gepaakt huet, ass kengem vu béiden Ekippen méi e Gol gelongen, sou dass et an d'Eelefmeterschéisse goung.

Ma hei huet Sevilla awer Nerve bewisen a beim Eelefmeterschéissen ofgeliwwert (4:1), sou dass d'Spuenier alt nees als Europa-League Gewënner vum Feld goungen.