Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Europäesch Zentralbank: De Leetzëns soll weider an d'Luucht gesat ginn

Esou wéilt een d'Demande bremsen an de Risiko, dass d'Inflatioun weider zolidd klëmmt, evitéieren, esou d'Christine Lagarde virum europäesche Parlament.

Déi europäesch Zentralbank huet wëlles, de Leetzëns weider an d'Luucht ze setzen, och wann d'Wirtschaft doduerch e gutt Stéck méi lues wäert dréinen. Dat huet d'Presidentin vun der EZB Christine Lagarde e Méindeg annoncéiert.

Vue datt d'Inflatioun an der Eurozon am September op bis zu 10 Prozent kéint klammen, hat d'EZB schonn decidéiert, seng Zënsen ëm 0,75 Prozentpunkten ze héijen. Am Juli waren dës eréischt ëm 0,5 Prozentpunkten an d'Luucht gaangen.

Esou wéilt een d'Demande bremsen an de Risiko, dass d'Inflatioun weider zolidd klëmmt, evitéieren, esou d'Christine Lagarde virum europäesche Parlament.

D'EZB rechent iwwerdeems mat engem Recul vum PIB an den éischte Méint vum nächste Joer.

No laange Jore mat immens niddregen Zënse wéilt een elo erëm op en neutralen Niveau kommen, deen d'Wirtschaft weder ënnerstëtzt nach penaliséiert.