Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Europäesche Geriichtshaff: Wichteg Decisioun an der Suite vum Diesel-Skandal

Hannergrond ass eng Klo géint Mercedes-Benz wéinst der sougenannter "Thermo-Fënster".

Konsumenten, déi en Auto verkaf kruten an deem e Mechanismus, fir d'Ofgasen ze filteren, am Motor agebaut ass, deen net de Virschrëften entsprécht, hunn e Recht op Schuedenersatz. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff hei um Kierchbierg en Dënschdeg decidéiert, nodeems sech um däitsche Landgeriicht zu Ravensburg domat befaasst gouf.

Vill Konstrukteuren hunn d'Ofgas-Filteren esou agestallt, datt se jee no Baussentemperatur net funktionéieren. Dat dierfe se enger méi aler Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff no awer just an Ausnamefäll, fir de Motor ze schützen. Wann de Reglage vun der Thermo-Fënster deem net entsprach huet, hunn déi däitsch Geriichter dat bis elo nëmmen als "Négligence" gesinn, fir déi de Consommateur kee Schuedenersatz fir en eventuelle Wäertverloscht vum Auto verlaange kann. Ma d'Riichter um Kierchbierg sinn der Meenung, datt d'Konsumenten och an deem Fall Recht op Schuedenersatz hunn. D'Modalitéiten dovu mussen elo an de Memberlänner definéiert ginn.