Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Europe's most wanted fugitives": Um Site vun Europol sinn och 4 Männer dobäi, déi zu Lëtzebuerg gesicht ginn

D'European Network of Fugitive Active Search Teams, kuerz ENFAST, ënnerstëtzt vun Europol, huet nees seng Campagne fir d'Joer 2022 lancéiert.

Hei gëtt sech op gesichte Krimineller konzentréiert, déi a ganz Europa gesicht ginn a Membere vun organiséierte Banden oder Gruppéierunge sinn. Iwwer 50 Profiller vu Leit op der Flucht, déi e Lien zur organiséierter Kriminalitéit hunn, goufen dëst Joer op de Site vun Europol eropgelueden, dorënner 4 Persounen, déi Verbriechen zu Lëtzebuerg begaangen hunn.

Alleguerten déi gesichte Persounen, déi dëst Joer opgelëscht goufen, kréien deels ganz grav Dote reprochéiert, dorënner Mord, Mënschenhandel, arméiert Iwwerfäll, Terrorismus an aner Strofdoten.

Haaptsächlech op Leaderen a Schlësselpersoune vun organiséierte kriminelle Banden huet Europol et dëst Joer ofgesinn, dorënner Mafia-Bossen, déi onschëlleg Leit ëmbruecht hunn, Drogen- a Mënschenhändler, Optragskiller a Persounen, déi am grousse Stil Geld gewäsch hunn.

ENFAST an Europol maachen dohier en Opruff un all d'EU-Bierger, de Site vun de "Europe's most wanted fugitives" ze besichen a sech d'Fotoen unzekucken. Et erhofft ee sech, dass eventuell esou Krimineller erkannt ginn an nëtzlech Informatioune kéinte kréien.

Ënnert de gesichte Leit sinn och och 4 Männer, déi alleguerte vun de Lëtzebuerger Autoritéite gesicht ginn, well se Verbriechen zu Lëtzebuerg begaangen hunn, respektiv Lien zu Lëtzebuerg hunn.

Rigo Wendt

RTL

© Europol

De Rigo Wendt aus Däitschland gëtt zu Lëtzebuerg ënnert anerem wéinst Verdacht op Mënschenhändler an Zouhälterei gesicht. Dës Dote sollen tëscht 2012 a Februar 2019 geschitt sinn.

De Rigo Wendt gëtt verdächtegt, en Escort- a Callgirl-Service gehat ze hunn, deen och zu Lëtzebuerg ugebuede gouf. Hien huet den Transport an d'Koordinatioun vun de Fraen aus Däitschland organiséiert an dës da bei Clienten op Lëtzebuerg bruecht. Dem Wendt hunn an der Zäit 3 Bordellen an Däitschland gehéiert, dorënner och d'Etablissement mam Numm "Club Pearls", deen an der Grenzregioun bekannt war.

Zënter dem 25. Februar 2019 gëtt de Mann international gesicht. Informatioune sinn iwwer Mail op [email protected] ze schécken, respektiv iwwert de Site www.eumostwanted.eu.

Zarko Pijanovic

RTL

© Europol

Den 39 Joer ale Zarko Pijanovic, alias Zarko Stefanovic, ass zu Leskovac a Serbien op d'Welt komm a gëtt vun den Autoritéiten als "geféierlech" klasséiert. Him gëtt virgeworf, den 18. Juli 2008 en arméierten Iwwerfall op eng Bijouterie an der Stad Lëtzebuerg begaangen ze hunn. D'Verbriecher hätten op deem Dag géint 10.25 Auer d'Geschäft, mat Pistoulen arméiert, iwwerfall. D'Leit, déi am Geschäft geschafft hunn an 3 Cliente goufe mat de Waffe menacéiert a forcéiert, sech op de Buedem ze leeën. Mat enger Aaxt oder eppes Änlechem huet dunn ee vun de Raiber d'Vitrinn am Geschäft futti geschloen.

Et goufe dobäi 64 extrem wäertvoll Aueren am Wäert vun e puer honnertdausend Euro geklaut. D'Déiwe sinn an engem Mercedes E250 geflücht, deen de 15. Juli 2008 am Norde vum Land geklaut gouf. Eng Stonn nom Abroch gouf den Auto an der Stad erëmfonnt. De Gesichte soll Member vun der Gruppéierung "Pink Panther" sinn, déi fir eng ganz Partie aner Iwwerfäll uechtert ganz Europa responsabel ass.
Zënter dem 20. Mee 2020 gëtt de Mann international gesicht. Informatioune sinn iwwer Mail op [email protected] ze schécken, respektiv iwwert de Site www.eumostwanted.eu.

Edinjo Pulti

RTL

© Europol

Dem Pulti Edinjo gëtt versichte Mord virgehäit. De Fall, deen zu Péiteng geschitt ass, geet op den 2. August 2020 zeréck. E puer Leit waren an dësem Fall involvéiert, heescht et um Site vun Europol. Géint 8.55 Auer soll hien deen Dag mat engem Messer e puer Mol op 2 Persounen agestach hunn.

D'Haaptaffer gouf deemools ganz uerg an der Bauchgéigend blesséiert. 2 aner Komplize konnte an deem Fall schonn ermëttelt a festgeholl ginn. Den 20. Februar soll hie fir déi leschte Kéier an engem Nuetsclub zu Shkodra an Albanien lokaliséiert gi sinn.

Zënter dem 25. Januar 2021 gëtt de Mann international gesicht. Informatioune sinn iwwer Mail op [email protected] ze schécken, respektiv iwwert de Site www.eumostwanted.eu.

Abdullah Khodor

RTL

© Europol

Den Abdullah Khodor gëtt verdächtegt, bei engem besonnesch gewalttätege Fall vun "Homejacking" zu Gonnereng gewiescht ze sinn. Hie gëllt als "geféierlech", esou d'Autoritéiten. De 17. Dezember 2017 goufen ëm d'Mëttesstonn eng Fra an hir mannerjäreg Niess an hirem Doheem vun 2 Täter attackéiert. D'Affer goufe mat Messere menacéiert. Bijouen an eng kleng Zomm u Geld goufe geklaut. D'Täter hunn och den Telefon am Haus zerstéiert, fir dass d'Police net kéint alarméiert ginn.

Zënter dem 2. Dezember 2019 gëtt de Mann international gesicht. Informatioune sinn iwwer Mail op [email protected] ze schécken, respektiv iwwert de Site www.eumostwanted.eu.

Hie den offizielle Communiqué vun Europol, deen och vun der Lëtzebuerger Police weidergeleet gouf


You could bring them down: help find the EU's most dangerous fugitives - Europol and ENFAST launch the 2022 EU Most Wanted campaign

The European Network of Fugitive Active Search Teams (ENFAST), supported by Europol, is launching the 2022 EU Most Wanted campaign to focus on fugitives across Europe who are members of organised crime groups. Over fifty profiles of fugitives linked to organised crime groups have been uploaded to the website this year. The criminals in this year's campaign are all wanted for serious crimes in Europe such as murder, trafficking in human beings, armed robbery and terrorism amongst other offences.

Targeting organised crime groups

This year's campaign specifically targets the leaders and key members of organised crime groups. Some of the profiles highlighted in this year's list include mafia bosses who have committed murder and massacred innocent people, drug traffickers, human traffickers, violent criminals who carry out murder or other violent acts on behalf of the criminal group, and money launderers and embezzlers. Similar to a business environment, the core of a criminal network is composed of managerial layers and field operators. This core is surrounded by a range of actors linked to the crime infrastructure providing support services. By targeting criminals in pivotal roles within these networks, the campaign seeks to topple entire organised crime groups.

Europol's Executive Director, Catherine De Bolle, said:

"It couldn't be simpler for EU citizens to take part in this campaign- one small action from you could mean that a dangerous fugitive is arrested and charged, saving potential victims. Check the website ( https://eumostwanted.eu/ ) and help us find them."

You could bring them down - #GameOver

ENFAST and Europol are asking EU citizens to visit the website and view images of these fugitives and check if they recognise any of them. As part of the campaign, murals will be unveiled to increase awareness of the campaign and to attract more media attention. The first mural will be unveiled in Brussels, Belgium on 28 September to mark the inauguration of the campaign. The imagery will focus on a house of cards, as the removal of a key figure in the criminal network by an anonymous tip could cause the whole organisation to fall.

The campaign will also appear across social media and there will be a call to action in all EU languages to reach as wide an audience as possible. The EU Most Wanted campaign has experienced significant success in the past with a number of anonymous tips leading to actual arrests. The website was originally launched in 2016, and since then 335 profiles of fugitives have been listed on the website. Out of this figure, 120 fugitives have been arrested with 43 of those arrests directly influenced by the fact that the fugitive profile had been published on the website https://eumostwanted.eu/ . Since the launch of last year's campaign in December 2021, there have been 10 arrests.

ENFAST

The evolving nature of cross-border crime has prompted national police forces in EU Member States to combine forces and use their expertise to ensure that it is impossible for dangerous criminals to flee and escape punishment. ENFAST aims to increase security within the EU by successfully tracing and arresting internationally wanted criminals who have committed serious crimes. ENFAST is an international network of police officers who are available 24/7 and can take immediate action to locate and arrest fugitives when necessary.

Liens utiles :

- Site web https://eumostwanted.eu/