Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Evolutioun vu Gaspräisser: Déi riseg Hausse kënnt net, an awer ginn d'Clienten opgefuerdert ze spueren

No der Annonce vum der Präisbrems um Gas ginn elo d'Avancen nei gerechent bei den diverse Fournisseuren. Ee Meterkibb kascht da maximal 0,8325€ htva.

Déi ganz ferm Gasrechnungen mat Haussë vu 80 Prozent oder méi bleiwen aus. Am Tripartitesaccord gouf ënnert anerem jo eng Brems um Gaspräis festgehalen. Deen däerf fir Stéit héchstens 15 Prozent par Rapport zum aktuelle Präis an d'Luucht goen. Wéi verrechnen d'Fournisseuren de Clienten elo hir Avancen? Op wat muss de Konsument sech astellen? De Pierre Jans mat Explikatiounen.

De Claude Simon vun der Enovos muss schonn zouginn, dass d'Annonce vun der Präisbrems fir seng Ekippe méi Aarbecht bedeit.

Claude Simon: "Et ass schonn opwänneg, mä dat wäerte mir schonn hikréien, dass mir de Cliente fir Oktober déi ugepassten Avancë kënne ginn. Déi wäerte fir de Gros vun de Clienten erofgoen. Wa mir dann nei Pläng mat Avancë rechnen, da wäerte mir dee Cap vun Oktober un och kënnen applizéieren."

Cap dat heescht Deckel. Op Basis vu Präisser vu verschiddene Fournisseure fir ee Meterkibb Gas, gouf eng Moyenne gerechent. Méi ewéi ronn 83 Cent ouni TVA däerf ee Meterkibb net kaschten.

Huele mer un e gewéinleche Stot hätt zejoert am September Avancë fir ee Joer Gas vun 2.400 Euro bezuelt.

Claude Simon: "Hei war dann awer och schonn eng Aide ofgezu vu ronn 550 Euro fir d‘Notzung vum Netz, déi de Staat schonn zanter dem 1. Mee vun dësem Joer iwwerhëlt.“

Mat enger Hausse vun 80 Prozent wären dat elo am Oktober 4.320 Euro. Mat der Brems, d'Hausse ass bei 15 Prozent gedeckelt, sinn et héchstens 2.760 Euro fir ee Joer.

RTL

Den Direkter vu SUDenergie Alain Fürpass brécht d'Käschten op ee Mount erof: fir en Duerchschnëttskonsument kascht de Gas elo net méi 200 Euro de Mount, mä 230. Dobäi hat och SUDenergie virun der Tripartite eng zolidd Hausse op den 1. Oktober annoncéiert. Ma si mussen d'Avancen elo net nei rechnen.

Alain Fürpass:"Mir hunn nämlech nach keng Avancen erausgeschéckt. Mir haten Haussen op den 1. Oktober ugekënnegt. Dunn hu mir awer d‘Tripartite ofgewaart, fir de Resultater Rechnung ze droen. Eis Cliente brauchen deemno elo kee Recalcul ze kréien."

Good News fir de Portmonni, an awer...

Alain Fürpass:"Mir wäerten eise Clienten elo mat den Avancen e Bréif, dee mam Energieministère ausgeschafft gouf, schécken. Mir wëlle si drop hiweisen, dass se solle spueren."

Déi ganz ferm Rechnungen kommen net, mä och 15 Prozent Hausse sinn net näischt.