Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Extern Analys presentéiert: Der Steierverwaltung feelt et u Personal

Bei der Steierverwaltung ass d'Zuel vun Dossieren, déi mussen traitéiert ginn, déi lescht Joren méi staark gewuess ewéi d'Zuel vum Personal.

8.000 Dossieren géingen drop waarden traitéiert ze ginn, huet et no enger Sëtzung vun der  Budgets- a Finanzkommissioun vun der Chamber e Freideg de Moie geheescht. Dowéinst – an do si sech all d'Parteien Eens – soll d'Steierverwaltung méi Leit astellen. Donieft soll se och digitaliséiert ginn an et soll versicht ginn d'Büroen, déi op 14 Plaze verdeelt sinn, méi no beieneen ze bréngen. D'Deputéiert kruten e Freideg eng extern onofhängeg Analys presentéiert, déi dee Prozess ënnert d'Lupp geholl an en Etat des Lieux gemaach huet. Graff resuméiert wier de Constat, datt d'Steierverwaltung effektiv méi Moyenen bräicht. Well et der Verwaltung – der Luxtimes no- awer puer Mol net gelongen ass, déi Zuel u Leit anzestellen déi se wollt, huet d'Finanzministesch Yuriko Backes betount, datt eng Moderniséierung vun der Verwaltung d'Aarbecht do ebe méi attraktiv kéint maachen. Den CSV-Députéierte Laurent Mosar ass méi wäit gaangen an huet sech fir eng "Operation coup de Poing" ausgeschwat. A sengen Ae kéint een zum Beispill pensionéiert Beamten vun der Steierverwaltung fir 6 Méint oder ee Joer mat engem CDD astellen, fir ze hëllefen de Bierg vun Dossieren ofzebauen.