Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Faass ouni Buedem: Betriber keime wéinst héije Käschten

Am Handwierk mécht ee sech Suergen, well d'Betriber d'Méikäschten nëmme schwéier 1 zu 1 un de Client weider kënne ginn.

Pandemie, Energie-Kris, deier Produiten, Index: d'Käschten ginn fir d'Betriber zum Faass ouni Buedem.

Am Handwierk gi sech ferm Suerge gemaach, well d'Betriber déi Méikäschten net kéinten 1 zu 1 un de Client weiderginn. Dowéinst géifen d'Gewënn-Margen erofgoen. Sue géife feele fir z'investéieren. Verschidde Betriber misste sech esouguer eventuell verklengeren, heescht et aus dem Secteur.

D'Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun, Alexa Ballmann, huet d'Rechnung gemaach. Als Beispill hëlt si e Betrib an deem 10 Mataarbechter de qualifizéierte Mindestloun verdéngen: d'Mindestloun-Erhéijung vun 3,10% am Januar. 3 Index-Tranchen am Mäerz, Abrëll an Enn vum Joer. Dat gëtt fir 2023, a Punkto Lounkäschten, eng Erhéijung vun 27.400 Euro.

RTL

"Bei engem klenge Betrib, deen e Benefice vun 40.000 bis 45.000 Euro mécht, wann et e gutt Joer ass, da bedeit dat, datt dat iwwer d'Hallschent vu sengem Benefice ass. Déi kann een natierlech manner investéieren. Déi kann een net méi reinvestéieren a säi Betrib. Dat ass awer eppes, wat ganz wichteg ass. Doduerch stoppt een de Wuesstem vun de Betriber. Am schlëmmste Fall musse Betriber sech verklengeren. Wann een déi Rechnung mécht, dat ee 4 Mol seng Salairen muss era kréien, fir eben iwwerhaapt nach e Benefice ze kréien, dann ass dat fir d'nächst Joer e Plus vun 145.000 Euro, déi e muss méi u Chiffre d'affaire kréien.''

A wat fir eng Roll wäert d'Annonce, am Kader vun der leschter Tripartite spillen? Datt d'Regierung de Betriber 3 Méint Indextranche, integral via d'Mutualitéit vun den Employeuren kompenséiert?
"Do kommen ech op 2.082 Euro bei enger Hausse, wéi virdrun gesot, vun 27.400 Euro. Dann ass dat e ganz léiwe Geste. Ma fir d'Betriber eng Drëps op de waarme Steen."

Bleiwe mer beim eisem Rechebeispill. Also e Betrib mat 10 Mataarbechter, déi de Qualifizéierte-Mindestloun verdéngen. Verglach mat Enn 2022, géif am Joer 2024, eleng d'Masse Salariale, ouni Loyer, Energie-Käschten, oder Produkter, déi méi deier goufen, souguer ëm 37.000 Euro erop.

RTL

"E Faass ouni Buedem", sou d'Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun. Eng Estheticienne kéint zum Beispill déi Käschten einfach net 1 zu 1 op de Client iwwerdroen.

"Wei vill misst ech meng Präisser hiewen? Quasi 20% misst ech se hiewen fir datt mer um Level wieren. D'Präisser musse gehuewe ginn. Dat ass sécher, datt dat doten net wäert opgoen. Et ass sécher, datt de Client muss dermadder rechnen, datt d'Präisser an d'Luucht ginn. An datt dat heiten d'Erklärung dovun ass. Wisou. Well de Betrib kann einfach net méi hannen eraus kommen. Ma op der anerer Säit kann een d'Präisser eben net esou héich an d'Luucht setzen, well dat einfach onzoumuttbar ass. An de Client dann och einfach manner kënnt."