Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Face-à-Face - Georges Mischo (CSV) vs. Steve Faltz (LSAP): Escher LSAP schléisst Koalitioun mat der CSV net aus

E Mëttwoch den Owend stounge sech op RTL Télé déi zwee Spëtzekandidate vun CSV an LSAP vun Esch géintiwwer.

Dat den Escher Deputé-Maire Georges Mischo an de President vun der LSAP-Sektioun vun Esch Steve Faltz.
Dobäi huet de Spëtzekandidat vun de Sozialisten eng grouss Koalitioun CSV-LSAP net méi ausgeschloss: "Mir gesinn eng Zesummenaarbecht schwiereg, mee wann de Wieler déi zwou Parteie stäerkt, musse mer dat respektéieren", sot de Steve Faltz.

Am Face-à-Face goung et ëm d’Theme Logement, Mobilitéit, Sécherheet an d’Escher Geschäftswelt.

"Ech hunn - mengen ech - méi Erfarung mat der Stad Esch, wéi de Georges Mischo se 2017 hat", seet den Newcomer an der Politik Steve Faltz, wann hien op de Manktem u politescher Erfarung ugeschwat gëtt. Den LSAP-Spëtzekandidat huet laang op der Escher Gemeng als Ingenieur geschafft, hat awer nach ni ee politescht Mandat.

"Ech hunn 13 Joer op der Escher Gemeng geschafft. Déi Erfarung mécht, dass ech zu Esch net muss ugeléiert ginn, ech kennen d’Escher Gemeng, ech hu méi Erfarung, wéi sou munch aner, dee sech opgesat huet", behaapt den Erausfuerderer vum Georges Mischo .

Dass hien 2017 Buergermeeschter gouf, war fir de Georges Mischo schonn iwwerraschend komm, mee hien hätt duerch säi Papp an éischt Gemengemandater politesch Erfarung gehat an hätt nach näischt vu sengem Elan verluer, déi aktuell schwaarz-blo-gréng Koalitioun hätt 120 Projeten "ouni roude Stempel" duerchgesat an d’Motivatioun wier weider grouss.

FALTZ: Wëll keen nationaalt Mandat - MISCHO: Trëtt un, fir Buergermeeschter ze bleiwen

Den LSAP-Kandidat ass net kategoresch géint duebel Mandater, mee huet fir sech decidéiert, am Hierscht net mat an d’national Walen ze goen, hie wëll 100 % am Déngscht vun der Escher Gemeng stoen.

Op d’Fro, ob hien ee Ministerposte géif unhuelen, wann d’CSV an d’Regierung kéim, äntwert de Georges Mischo, deen am Hierscht erëm bei de Chamberwale matgeet: "Ech trieden un, fir Escher Buergermeeschter ze bleiwen, et ass eng richteg Passioun, ech sinn all Dag do, och a Covid-Zäiten. Meng Passioun ass nach ze grouss, fir elo ee Ministermandat unzestriewen".

LSAP wërft Schäfferot schlecht Finanzgestioun vir

D’Sozialiste geheie Schwaarz-Blo-Gréng vir, Suen zur Fënster rausgehäit ze hunn, wëllen awer zum Beispill, fir géint de Logementsproblem unzegoen, bis 2035 1.500 Wunnengen iwwer de Gemengebudget kafen.

Dat wier dem Steve Faltz no méiglech mat Hëllefe vum Staat an de Loyeren, déi duerno erakommen, sou dass dat sech selwer géif droen.

Dat kann d’Gemeng net stemmen, kontert den aktuelle Buergermeeschter, hei géif ee gesinn, dass et dem Steve Faltz u politescher Erfarung feelt: "Wann ee bis 2035, 1.500 nei Wunnengen wëll bauen, ass dat einfach zäitlech baulech awer och finanziell net méiglech", esou de Georges Mischo.

Verkéiersproblemer zu Esch: Béid Parteie setzen op dat Multimodaalt

De multimodale Mobilitéitsplang vun der aktueller Koalitioun baséiert op 5 Pilieren: Foussgänger, Vëloen, Auto, Bus, Zuch a séieren Tram.

"Den Auto muss méi eraus aus der Stad, et kann net méi jiddwereen 3,4 Autoen hunn", esou den CSV-Spëtzekandidat.

D’LSAP proposéiert hirersäits, Parkingen am Zentrum z’iwwerdecken, do kéinten dann d’Awunner parken, dat wier realistesch.

Sécherheet: "Mir setzen net eleng op Kameraen" ( Georges Mischo) - "Als Bouf vum leschten Escher Policekommissär sinn ech bestëmmt net géint eng Gemengepolice ( Steve Faltz)

Déi zwee Kontrahente si sech eens: Fir méi Sécherheet brauch et méi Policepresenz, méi Agents municipaux, méi Streetworker, ëffentlech Plaze musse méi frëndlech gestallt ginn.

"Kamerae sinn net d’Kärstéck vun eisem Sécherheetsplang", stellt de Georges Mischo kloer.

Mat der LSAP wier hei 20 Joer laang näischt geschitt. De Steve Faltz huet verschidde Mesurë vun deem Sécherheetsplang belächelt: "4 Lutten a 6 Joer ass wéineg".

Nei-Beliewung vun der Uelzechtstrooss

Wat d’Situatioun vun der Escher Uelzechtstrooss ugeet, huet de Buergermeeschter déi aktuell Chiffere genannt: Et ginn 135 Lokaler, 115 si besat, 20 stinn eidel, 5 sinn a Renovatioun, 2 an der Vente. Et hätt een eng Revaloriséierung vum Stadzentrum gemaach.

D’LSAP geheit dem aktuelle Schäfferot vir, dass d’Uelzechtstrooss, déi lo ganz soll frësch gemaach ginn, scho virum Kulturjoer hätt kënnen erneiert ginn: "Ech hunn als Ingenieur déi ganz Reseaue gemaach, et gi keng 3 Leit op der Escher Gemeng, déi d’Strooss besser kenne wéi ech, mir hätten dat missen hikréien", beklot de Steve Faltz.

Grouss Koalitioun net ausgeschloss

"Ech sinn der Meenung, eng Koalitioun mat der CSV géif komplizéiert ginn, mee ech schléisse se net aus - wann de Wieler déi zwou Parteie stäerkt, muss een deem Rechnung droen", dat stellt de Steve Faltz an dësem Face-à-Face kloer a ruddert domadder zréck par rapport zu Aussoen, déi hie kierzlech an engem Interview um 100,7 gemaach huet.

"Ech si lo erstaunt iwwer déi nei Téin, mir hu mat der DP an deene grénge ganz gutt, fair a loyal geschafft. Ech kéint mer eng Zesummenaarbecht weider virstellen", betount den aktuellen Buergermeeschter, deen eng Koalitioun just mat der ADR ausschléisst.

Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck