Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Faktencheck: Bill Gates huet Interview net ofgebrach, wéi hien zu Vaccine befrot gouf

En trafiquéierte Video vum Bill Gates mécht zënter e puer Wochen d'Ronnen a sozialen Netzwierker.

Den amerikanesche Philanthrop a Grënner vu Microsoft Bill Gates huet en Interview net abrupt ofgebrach, nodeems hien iwwer seng Ënnerstëtzung fir Covid-19-Vaccine befrot gouf. Dat supposéiert awer e Video, deen iwwer Zéngdausend Mol an de sozialen Netzwierker gekuckt gouf. Eng Rei Detailer deiten dorop hin, dass d'Material mat kënschtlecher Intelligenz manipuléiert gouf. Am Originalinterview mam Gates, dee vun engem australesche Sender geféiert gouf, ass den Dialog net ze héieren.

De Video vun 100 Sekonne gouf den 8. Mäerz 2023 vun engem Facebook-User gedeelt.

"Den Här Gates a sengen eegene Wierder, wat hien dozou bäigedroen huet...", steet an der Iwwerschrëft vum Bäitrag. "De Bill Gates an der Fal".

An dësem Video schéngt e Fernseejournalist den amerikanesche Milliardär Bill Gates iwwer seng Ënnerstëtzung fir Covid-19-Vaccinen auszefroen: "Wéi denkt dir elo doriwwer, well et elo ëmmer méi offensichtlech gëtt, dass de medezineschen Traitement, deen dir ënnerstëtzt hutt, wärend dir selwer an et investéiert an domat Milliarde vun Dollar gemaach hutt... onendlech vill Verletzungen, Niewewierkungen an Doudeger gefuerdert huet?"

Als Reaktioun dorop gëtt de Gates anscheinend eng defensiv Äntwert a brécht den Interview mat de Wierder "Okay, et geet duer. Dësen Interview ass eriwwer" abrupt of.

RTL

Screenshot of the misleading post, taken on March 21, 2023

De Video gouf och zesumme mat enger änlecher Behaaptung op TikTok (hei, hei, hei an hei) mat méi wéi 23.000 Views gedeelt.

Änlech Bäiträg goufen och op Portugisesch, Spuenesch, Italieenesch a Rumänesch an Ëmlaf bruecht.

De Clip kënnt awer direkt verdächtegt vir, well d'Stëmme vum Gates a vun der Journalistin net mat de Beweegunge vun de Lëpsen iwwereneestëmmen.

Frëndschaftlechen Austausch

De Logo "7/30" ass uewen am rietsen Eck ze gesinn. D'AFP huet eng Sich mat de Schlësselwierder "Bill Gates" a "7/30/ duerchgeféiert an en echten Interview vum Bill Gates mat der selwechter Moderatorin, dem Sarah Ferguson, fonnt, dee den 31. Januar 2023 vun Australia Broadcasting Corporation (ABC) News op YouTube gepost gouf.

De Video, dee bal 13 Minutte laang ass, dréit den Titel: "Bill Gates beschwéiert sech bei Technologie-Firmen iwwer 'lächerlech' Covid-19-Konspiratiounstheorien | 7.30" (Original: Bill Gates complained to tech companies about 'laughable' COVID-19 conspiracy theories | 7.30).

D'Emissioun "7.30" ass den Norichteprogramm um Owend vun ABC News.

D'Opname vum Interview goufen den 30. Januar 2023 och op der Internetsäit vun ABC News publizéiert.

E Bléck op déi komplett Originalsequenz weist, dass de Gates an d'Ferguson net déi angeeblech Wierder soten, déi am gefälschte Video ze héiere sinn.

An dësem ierféierende Filmmaterial soll d'Ferguson den Interview mat der Fro ufänken: "Sou Här Gates, sot eis wgl. an Ären eegene Wierder, wat Dir der Welt bruecht hutt?"

Dem Gates seng Äntwert ass angeeblech, hien hätt de "beléiftste Computer-Betribsprogramm op der Welt" geschafen, wourop si äntwert: "Natierlech, awer wéi mir alleguer wëssen, waart net wierklech Dir et, deen et kreéiert huet."

Weder dësen Dialog nach iergendeen anert Gespréich, dat uschléissend kënnt, daucht am ABC-Interview op, d'Befroen zu de Covid-Vaccinen abegraff.

De gréissten Deel vum Austausch tëschent dem Gates an der Ferguson dréit sech ëm d'Roll, déi Australien bei der Bekämpfung vum Klimawandel spille kann, ëm d'Verbreede vu gefälschten Informatiounen a sozialen Netzwierker an ëm d'Finanzéierung, déi de Gates fir d'Erfuerschung vu Vaccinen a kënschtlecher Intelligenz bäigesteiert huet.

Um Enn vum Programm verabschide sech déi zwee frëndlech, anescht wéi et de gefälschte Video vermudde léisst.

Kënschtlech Intelligenz

De Clip an de sozialen Netzwierker schéngt mat kënschtlecher Intelligenz erstallt ginn ze sinn, sot de Bruno Sartori, Journalist an Expert fir Deep-Fakes, der AFP.

Esou Videoe verännere Gesiichter a Stëmmen, sou dass Mënsche Saachen ze soe schéngen, déi si net gesot hunn.

Eng weider Versioun vum Video gouf den 8. Mäerz 2023 op TikTok mat der Iwwerschrëft "Wéi geféierlech KI si kann" an den Hashtags #artificalintelligence an #ai  gepost.

"Et si gefälscht Contenuen, awer total realistesch, wéi d'Stëmm an d'Gesiicht vun enger Persoun", sot de Sartori.

Eng Rei Aspekter vum Filmmaterial si kloer Hiweiser dorop, dass et e Fake ass, huet hie bäigefüügt. "Déi niddereg Qualitéit, fir Imperfektiounen ze verstoppen, an d'Beweegunge vun de Lëpse sinn a bestëmmte Passagen net gutt mam Material synchroniséiert."

Den AFP-Faktencheck huet nach aner falsch oder ierféierend Behaaptungen iwwer de Gates opgedeckt, souwéi falsch Behaaptungen, déi mat kënschtlecher Intelligenz (heihei) ze dinn hunn.

Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.