Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Faktencheck: Firwat de Film "Died Suddenly" falsch an ierféierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verstäerkt

Internationale Gesondheetsagencen no schütze Covid-19-Vaccinen immens effikass géint schwéier an déidlech Krankheetsverleef. E Film, dee weltwäit méi wéi 10 Millioune Mol gekuckt gouf, behaapt, dass d'Impfungen Deel vun enger Konspiratioun sinn, déi d'Weltbevëlkerung reduzéiere soll.

Dosende User hunn de Link fir de Film "Died Suddenly" Enn November 2022 op Facebook gedeelt. Op Telegram huet de Film e puer dausend Leit erreecht. De Film gouf vun der AFP schonn op Franséisch, Serbesch, Finnesch, Polnesch, Hollännesch, Bulgaresch an Englesch gepréift.

RTL

Screenshot der Video-Plattform Rumble, auf der der Film gezeigt wurde: 27. November 2022

"Died Suddenly"  gouf den 21. November 2022 op Rumble mat der follgender Iwwerschrëft verëffentlecht: "Säit Joerhonnerte verbreet déi global Elitt hir Intentiounen, d'Welt ze entvëlkeren - souguer bis op de Punkt, un deem se a Stee gemeesselt ginn. An awer... schénge mir hinnen ni ze gleewen. The Stew Peters Network ass houfreg, DIED SUDDENLY ze presentéieren."

De Peters, e rietsextreeme Moderator vun der Talkshow, verbreet a senger Sendung "The Stew Peters Show" reegelméisseg Konspiratiounstherorien a falsch Behaaptungen iwwer de Coronavirus an d'Impfstoffer dogéint.

De Film geet mat der Militärdoktesch Theresa M. Long op en Enn, déi iwwer Covid-19-Vaccine seet: "Et ass meng professionell medezinesch Meenung, dass et sech ëm eng Biowaff handelt, déi géint d'Mënschheet agesat gouf, fir d'Weltpopulatioun ze entvëlkeren an ze kontrolléieren."

Eng Rei Expertinnen an Experten hunn awer erkläert, dass d'Behaaptungen am Film "Died Suddenly" falsch sinn. D'AFP huet der schonn eng Rëtsch opgedeckt.

"E besseren Numm fir déi neist Anti-Impf-'Schockumentatioun' 'Died Suddenly' (Plëtzlech dout) wär 'Lied Suddenly' (Plëtzlech gelunn), well se besteet aus lauter Ligen", sot d'Susan Oliver, eng australesch Wëssenschaftlerin mat engem Doktertitel an der Nanomedezin, an engem Tweet vum 27. November 2022.

"Died Suddenly" versicht déi iwwerduerchschnëttlech heefeg Doudesfäll wärend der Pandemie mat de Covid-Impfstoffer a Verbindung ze bréngen.

"Wann et d'Zil war, d'Weltpopulatioun ze reduzéieren, dann huet et funktionéiert", sot de Peter McCullough, e Kardiolog, deem seng Brevete wéinst der Verbreedung vu falschen an ierféierenden Informatioune vum American Board of Internal Medecine gepréift ginn, am Film. De McCullough ass der AFP schonn e puer Mol mat Falschbehaaptungen opgefall (hei, hei).

Fuerscher hunn allerdéngs erkläert, dass d'Donnéeën zu Covid-19-Stierffäll vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) dorop hiweisen, dass weltwäit 6,6 Millioune Mënschen u Covid-19 gestuerwe sinn - net un Niewewierkunge vun de Covid-Impfungen.

D'US-Epidemiologin Katrine Wallace huet de Film als "Desinformatioun" bezeechent an huet de 27. November 2022 op Twitter erkläert, dass d'Impfung géint Covid-19 Millioune Mënscheliewe gerett hätt. D'Wallace huet de Cardiac Arrest Registry to Enhance Survival, e Regëster iwwer Häerzstëllstänn an den USA, benotzt, fir ze weisen, dass stënterlech Häerzstëllstänn am Joer 2020 an den USA méi heefeg opgetruede sinn - deemools war d'Pandemie op hirem Héichpunkt an d'Vaccinen nach net disponibel.

A) If the vaccine was supposed to “depopulate the world” as the doc claims, then it’s doing a bad job. Instead it saved millions of lives. COVID would have done a better job just running unchecked. /2 pic.twitter.com/tlo2RwdNzI

— Katrine Wallace, PhD (@DrKatEpi) November 27, 2022

Säit 2020 ass a bal alle Länner vun der Welt eng gréisser Iwwerstierflechkeet festzestellen, also d'Differenz tëschent den tatsächlech observéierten an den Doudesfäll, déi statistesch erwaart ginn, a bestëmmten Zäitraim. Expertinnen an Experte soen awer, dass et keen Hiweis dofir gëtt, dass Impfstoffer doru schold wären.

De Frank Yanfeng Han, Spezialist fir Kannerkardiologie bei Northwestern Medicine an den USA, huet op eng Etüd opmierksam gemaach, déi Doudesfäll a Schweden an Norwegen vergläicht. Et goufe méi Doudesfäll am Zesummenhang mat Covid-19-Komplikatiounen a Schweden festgestallt, wou manner Moossnamen, fir d'Pandemie anzedämmen, ageféiert goufen.

"Covid ass wierklech e schlechte Schauspiller, a souguer wann de Public Impfunge ferm ofleent, sollten awer Ustrengungen ënnerholl ginn, fir d'Ausbreedung vu Covid anzedämmen, well en all Organ am Kierper befale kann, souguer bei Patiente mat liichtem Covid", sot den Han.

Och dat Statistescht Bundesamt Destatis an Däitschland huet änlech Donnéeë publizéiert. Enger sonnerer Auswäertung iwwer d'Zuel vu Stierffäll an de Joren 2020 bis 2023 no sinn Enn Mäerz 2020 ëmmer nees Iwwerstierflechkeeten observéiert ginn.

Dofir gëtt et eng Rei Grënn, zum Beispill Corona-Erkrankungen, Welle vun der Gripp, Hëtzt an dat demografescht Altere vun der Bevëlkerung, an awer huet de Spriecher Enrico Becker de 5. Januar 2023 géintiwwer der AFP op en Artikel am Fachjournal "Nature" higewisen. Doran huet de Jonas Schöley, Leeder vun der Etüd, vum Max-Planck-Institut fir Demografie festgestallt, dass méi héich Impftauxe mat manner héije Stierwestauxe korreléieren.

Allerdéngs huet de Becker och gesot: "Um Doudeschäin gëtt grondsätzlech net erfaasst, ob Verstuerwener geimpft waren oder net. Ausname besti just, wann den Doudesfall am Zesummenhang mat enger Impfung steet an dat vum Dokter oder der Doktesch esou constatéiert gouf."

De Paul-Ehrlich-Institut (PEI) registréiert Niewewierkunge vu Covid-Impfungen an Däitschland. Op senger Internetsäit publizéiert de PEI Sécherheetsrapporten iwwer seng Observatiounen. Den aktuelle Sécherheetsrapport geet iwwer den Zäitraum vum 27. Dezember 2020 bis den 30. Juni 2022. Zwar gouf et 3023 Verdachtsfäll mat déidlechem Ausgank no enger Covid-Impfung, dovu stéingen awer just 120 Fäll warscheinlech domat a Verbindung. Zu dësem Zäitpunkt hunn awer ongeféier 64,7 Millioune Mënschen an Däitschland ***Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?*** schonn op d'mannst eng Impfung kritt. Doudesfäll sinn also extreem seelen.

Angeeblech plëtzlech Doudesfäll

De Film versicht och, plëtzlech Doudesfäll mat der Covid-19-Impfung a Verbindung ze bréngen, liwwert awer keng Beweiser dofir, dass d'Doudesfäll duerch d'Impfung ausgeléist goufen.

"Een huet erwäänt, et sollt ee bei Google 'plëtzlech stierwen' aginn an d'Noriichtenartikele fannen, déi opdauchen", seet den Chad Whisnant, en Entrepreneur fir Begriefnisser aus dem US-Bundesstaat Alabama, an deem Video.

Duerno kënnt e Montage vu Sichresultater, vun deenen déi meescht net op d'Covid-19-Impfung aginn. An enger Schlagzeil geet et ëm e jonke Mann, dee bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum, an enger anerer ëm den Niddergang vun der Cloud-Gaming-Plattform Stadia vu Google.

An engem Artikel geet et ëm en 13-järege Jong aus Michigan, deen e puer Deeg no der zweeter Dosis géint Covid-19 vu Pfizer-BioNTech gestuerwen ass. Lokal Medien hate gemellt, dass eng geriichtsmedezinesch Autopsie kee kausalen Zesummenhang mam Impfstoff erginn huet.

Wéi den Doudegriewer Whisnant den onerwaarten Doud vu prominente Perséinlechkeeten uschwätzt, gëtt um Bildschierm e Bild vum amerikanesche Baseballspiller Hank Aaron gewisen, dee seng Covid-Impfung krut. E Geriichtsmedezinner an d'Morehouse School of Medicine, wou den Aaron geimpft gouf, hu géintiwwer der AFP am Joer 2021 erkläert, dass säin Doud näischt mat der Impfung ze dinn hätt.

D'AFP hat virdru bericht, dass Covid-19-Vaccinen net mat stënterlechem oder onklorem Häerzdoud a Verbindung stinn. Dozou zielen och eng Rei vun Häerzrhythmusstéierungen, déi dacks geneetesch bedéngt sinn.

D'AFP huet och wéinst dëser Behaaptung beim Spriecher vum Destatis nogefrot. Hie sot: "D'Ausso, dass d'Zuel vu 'stënterlechen an ongekläerten Doudesfäll' säit der Disponibilitéit vu Covid-19-Vaccinen zouhuele géif, kënne mir fir Däitschland net confirméieren." An der Annex huet Donnéeë matgeschéckt, no deenen d'Fallzuel am Joer 2021 mat 33.900 "ongenee bezeechenten an onbekannten Doudesursaachen" ongeféier esou grouss ass wéi 2019. De Becker sot weider: "Et gëtt also keng Hausse vun dëse Fäll a soumat och keen Ulass, d'Impfung als Ursaach ze vermudden."

De PEI huet a senge Sécherheetsrapporten iwwer Niewewierkunge vun de Covid-Vaccinen och Auswierkungen op d'Häerz beschriwwen. Wéi schonn erwäänt, gouf et am Verhältnis zu der grouss ugeluechter Impfcampagne an Däitschland, déi besonnesch op de Comirnaty-Impfstoff vu BioNTech baséiert war, insgesamt just ganz wéineg Doudesfäll. D'Doudesfäll sinn net kategoriséiert. Stënterlechen Häerzdoud ass an de Sécherheetsrapporten néierens ze fannen.

De PEI huet awer Häerzrhythmusstéierungen als méiglech Niewewierkung vu Covid-Impfungen opgeféiert. Statistesch huet d'Häerz bei 4,85 vun 100.000 Persounen, déi mat Comirnaty geimpft goufen, no der Impfung ze lues, ze séier och och ze onreegelméisseg geschloen.

Ongewéinlech Verklompungen

Am Film "Died Suddenly" sinn Aussoe vun Abalsaméierer an Doudegriewer enthalen, déi beschreiwen, dass si ongewéinlech Gerënnsel an de Läiche fonnt hätten.

Ee vun de Spriecher am Film ass de Richard Hirschman, e lizenséierten Abalsaméierer an Alabama, deen der AFP an enger Facebook-Noricht am September 2022 matgedeelt huet, dass hie "keen Dokter oder Wëssenschaftler" wär. Am Film kommen och den John O'Looney, en Doudegriewer aus dem Vereenegte Kinnekräich, deen am Virfeld Feelinformatiounen iwwer d'Pandemie verbreet huet, an de Brenton Faithfull, e Doudegriewer aus Neiséiland, deen den Doud vu senge Clientë fälschlecherweis mat Covid-19-Impfstoffer a Verbindung bruecht huet, zu Wuert.

RTL

Dieser Screenshot vom 27. November 2022 zeigt eine Szene aus "Died Suddenly"

D'Abalsaméierer am Film "Died Suddenly" stellen en Zesummenhang tëschent der Presenz vu Bluttgerënnsel am Kierper vu munche Verstuerwene mat den Impfungen hier. Expertinnen an Experten hunn awer eng Rei aner Méiglechkeeten dofir genannt, dorënner Adipositas, Fëmmen oder eng Infektioun mat Covid-19.

D'Monica Torres vun der Begriefnisentreprise NXT Generation Mortuary Support am US-Bundesstaat Arizona huet d'Bluttgerënnsel op d'Killen zeréckgeféiert.

"Et waren einfach esou vill Läichen ze verschaffen, dass vill vun hinne laang Zäit am Frigo louchen, soudass si Bluttgerënnsel kruten. Dat ass keng gréisser Saach, an dës Leit probéieren, doraus eng Saach ze maachen", huet si an enger E-Mail vum 19. September 2022 geschriwwen.

Dem David Dorward, engem berodende Patholog an Dozent op der University of Edinburgh, no ass et oft onméiglech, d'Ursaach vun engem Bluttgerënnsel eleng unhand vu sengem Ausgesinn ze bestëmmen.

"E Bluttgerënnsel vun engem Patient, dat duerch eng Covid-Infektioun ausgeléist gouf, géif am Verglach zu engem Bluttgerënsel, dat sech no enger längerer Bettrou no enger gréisserer Operatioun forméiert huet, zimmlech identesch ausgesinn", huet hien an enger E-Mail vum 22. September 2022 gemengt.

Ongeféier bei Minutt 52 vum Film seet een Abalsaméierer: "Ech mengen, dass en Dokter dat just dann am Kierper gesi kéint, wann hien tatsächlech an de Kierper eragoe géif." Duerno kommen Opnamen, déi weisen, wéi e grousst Gerënnsel aus engem Häerz erausgeholl gëtt.

A Wierklechkeet weist de Video awer eng Longenembolie, déi aus engem liewege Patient erausgeholl gëtt. D'Biller goufen 2019 op YouTube eropgelueden - virun der Pandemie.

D'Gesondheetsagence Health Canada féiert ënner den Niewewierkungen, déi nom Sprëtze vu Covid-19-Impfstoffer vun Astrazeneca an Johnson & Johnson gemellt goufen, och "Bluttgerënnsel mat wéinege Bluttplättercher" op - och Thrombozytopenie genannt. Se sinn awer seelen. Déi US-amerikanesch Centers for Disease Control and Prevention (CDC) hu véier Fäll vun esou Bluttgerënnsel pro enger Millioun Dosisse mam Preparat vun Johnson & Johnson bestätegt.

De PEI huet an Däitschland och Fäll vun Thrombozytopenie als Niewewierkung vu Covid-Impfungen observéiert, zu där et awer keen eendeitegen Hiweis op e Risiko géif. Op all Impfstoffer verdeelt goufen tëschent dem 27. Dezember 2020 an dem 30. Juli 2022 930 Fäll constatéiert. De PEI huet entdeckt, dass dës Niewewierkung besonnesch beim Vaccin vun Astrazeneca opgetrueden ass, huet se awer als "ganz seelen" bezeechent. Den Impfstoff gouf säit dem 1. Dezember 2021 net méi an Däitschland gesprëtzt.

Keng Doutgebuerten duerch Impfstoffer

"Died Suddenly" bréngt d'Covid-19-Impfstoffer ausserdeem ouni Begrënnung mat Doutgebuerten a Verbindung.

Am Film kommen d'Michelle Gershon, eng examinéiert Krankeschwëster aus Fresno a Kalifornien, an den James Thorp, e Gynekolog aus Florida, zu Wuert. Den Thorp ass Member vum World Council for Health, eng Grupp, déi déi scho fréier Feelinformatiounen iwwer Vaccine verbreet huet.

De Thorp presentéiert eng statistesch Analys, an där hie behaapt, dass et am kanadesche Waterloo bannent engem kuerzen Zäitraum 83 Doutgebuerte ginn hätt.

D'AFP huet scho Behaaptungen iwwer eng angeeblech ongewéinlech Hausse vun Doutgebuerten a Kanada am Joer 2021 ënnersicht. D'Agencen op der Plaz hunn deemools erkläert, un der Behaaptung wär "näischt drun". Dat beleet och eng grouss ugeluecht Etüd vun de CDC, bei där iwwer zéngdausend schwanger Fraen observéiert goufen - iwwer d'Resultater vun der Etüd gouf et änlech Behaaptunge.

D'Victoria Male, Dozentin fir Reproduktiounsimmunologie um Imperial College London, huet 30 Etüden aus aacht Länner ausgewäert, déi sech mat der Sécherheet vun der Impfung géint Covid-19 an der Schwangerschaft befaassen. A kenger gouf e méi héije Risiko fir Doutgebuerte festgestallt.

Och op Nofro nom aktuelle Stand vun den Donnéeën an Däitschland, mat Bléck op dës Behaaptung, huet d'Spriecherin vum PEI, Susanne Stöcker, den 3. Januar 2023 géintiwwer der AFP matgedeelt, dass de PEI mam Pharmakovigilance- a Berodungszenter PVZ fir Embryonaltoxikologie vun der Charité zu Berlin eng Observatiounsetüd zu Covid-19-Impfungen an der Schwangerschaft duerchféiere géif. Bei dëser ginn iwwer 4000 schwanger Fraen observéiert. Se leeft nach bis den 30. September 2023.

D'Stöcker huet awer elo schonn erkläert: "Aus den Donnéeë vun der Observatiounsetüd, déi bis elo erhuewe goufen, ergëtt sech keen Hiweis op e Risikosignal, weder am Hibléck op Feelgebuerten nach am Hibléck op méiglech Probleemer mat der Fruchtbarkeet. Dohier huet et zu dësem Sujet och keng Informatiounen an de Sécherheetsrapporte vum Paul-Ehrlich-Institut ginn."

D'AFP huet och bei der Brigitte Strizek, Direktesch vun der Gebuertshëllef a prenataler Medezin an der Universitéitsklinick Bonn (UKB), wéinst der Behaaptung nogefrot. De 17. Januar 2023 huet si erkläert: Et gëtt an Däitschland keng Statistik, op déi ee sech verloosse kann, déi d'Grënn fir Feelgebuerten erfaasst. Dowéinst ass et immens schwéier, d'Behaaptung, et géif méi Feelgebuerte wéinst Corona-Impfungen, ze widderleeën oder ze beleeën, awer mir gesi selwer kee Beweis fir d'Behaaptung, déi am Internet virgedroe gouf." Hir wär keen eenzege Fall bekannt, bei deem eng Impfung géint Covid zu enger Feelgebuert geféiert hätt.

Am Géigendeel: "D'Impfung huet vill schwanger Frae viru grave Verleef vun enger Corona-Infektioun gerett. Säitdeem immens vill schwanger Frae geimpft oder nees gesond sinn, hu mir däitlech manner grav Verleef an der Schwangerschaft gesinn", sot d'Strizek.

Expertinnen an Experten hunn am September 2022 géintiwwer der AFP dorop higewisen, dass sech schwanger Fraen impfe loosse sollten. De Robert-Koch-Institut (RKI) recommandéiert d'Covid-19-Impfung zum Schutz viru schwéieren Erkrankungen an Hospitalisatiounen, wéi och Health Canada an d'CDC.

Weider Faktenchecke vun der AFP iwwer Feelinformatiounen zu Impfstoffer fannt Dir hei.

Fazit: De Film "Died Suddenly" stellt eng ganz Rei falsch an ierféierend Behaaptungen op. Expertinnen an Experte souwéi international Donnéeë beleeën, dass Covid-Impfungen net zu enger Iwwerstierflechkeet wärend der Corona-Pandemie geféiert hunn. Genee esou wéineg zu méi Feelgebuerten oder heefege Bluttgerënnsel.

Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.