Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Familljesträit zu Suessem: Mann hat seng Fra ugegraff a mat Messer menacéiert

Donieft mellt d'Police nach, datt bei verschiddene Kontrollen de Permis agezu gouf, well d'Leit ze vill gedronk haten an awer Auto gefuer sinn.

E Mann gouf no engem Familljesträit zu Suessem an der Nuecht op e Sonndeg festgeholl an hat direkt moies Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Seng Fra hat d'Police geruff well hire Mann si ugegraff hat a mat Messere menacéiert hat.

Dann huet d'Police verschidde Führerschäiner agezunn. Ënnert anerem zu Iechternach war e Chauffer géint zwou Auer opgefall deen ze vill gedronk hat an ouni Luuchten ënnerwee war. Géint 3.40 Auer hunn d'Beamten en Auto gestoppt deen op der Stater Gare iwwert d'Busspuer gefuer ass. Och hei war den Alkoholtest positiv.

Da gouf et nach zwou vum Parquet ordonéiert Alkoholkontrollen. Déi éischt war op der N13 zu Beetebuerg op der Héicht vum Parc Merveilleux vun e Samschdeg den Owend um 23 Auer bis e Sonndeg de Moien um 0.30 Auer. Hei goufen 61 Automobiliste kontrolléiert. Dobäi war de Seuil dräi Mol iwwerschratt, ma kee Führerschäin huet missten agezu ginn.

Eng zweet war op der Kockelscheier tëscht 1.30 an 3 Auer. Vu 17 Automobilisten haten der zwee ze vill gedronk. Bei deene war de Permis awer fort.