Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Féduse: "Här Meisch, Respekt fir eise Beruff gesäit anescht aus"

Mat deem Zitat ass e Communiqué vun der Proffegewerkschaft Féduse iwwerschriwwen.

An deem gëtt sech gewonnert iwwer Changementer am Examenskalenner vum aktuelle Schouljoer.

De Ministère huet jo decidéiert, dass verschidde schrëftlech Epreuvë vum Ofschloss-Examen eréischt no der Päischtvakanz solle geschriwwe ginn, wouduerch d'Schüler e puer Deeg méi laang Zäit kréie fir ze léieren.

Wat u sech positiv fir d'Schüler ass, géif awer fir d'Enseignanten en immensen Zäitdrock beim Verbessere bedeiten, schreift d'Féduse, well et e fixen Datum gëtt, wou sämtlech Notte mussen ageschriwwe sinn.

De Minister géif hei a Kaf huelen, dass déi Concernéiert Ufank Juni kaum Zäit wäerten hunn, fir hir soi-disant normal Coursen ze halen, well se gehale sinn, d'Examenskopien deels bannent just enger Woch all verbessert ze hunn.

Et géif een och net verstoen, firwat am Virfeld vun esou enger Decisioun net mat de Proffe selwer geschwat gi wier.

D'Féduse hätt elo gär, dass den Delai, fir d'Examens-Notten anzeschreiwen, ëm e puer Deeg no hanne verréckelt gëtt an dass d'Exame selwer net op duebel Fardë-Blieder geschriwwe ginn, wat d'Kopéiere massiv géif erliichteren.

PDF: Communiqué vun der Féduse