Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ferrero huet Oploen erfëllt: Fabrick zu Arel dierf no Salmonellen-Skandal nees opmaachen

Am Fréijoer huet Ferrero hiert Wierk zu Arel heivir an der Belsch wéinst Salmonellen am Schockela missen temporär zoumaachen. Et war e weltwäite Skandal.

Déi belsch Opsiichtsagence Afsca huet e Freideg endgülteg decidéiert, de Fall ass gekläert an ofgeschloss. An der Areler Fabrick vu Ferrero dierf elo erëm offiziell Schockela produzéiert ginn.

Nodeems a Ferrero-Produite Salmonelle fonnt gi waren, hat d'Fabrick zu Arel jo mussen hir Dieren eng Zäit laang zoumaachen. Et gouf en internationale Réckruff vun de beléifte Schockelasproduite vu "Kinder". Virun dräi Méint hat d'Firma eng provisoresch Autorisatioun kritt, huet awer nach musse streng vun den Autoritéiten iwwerwaacht ginn.

Elo huet si hir definitiv Produktiounslizenz erëmkritt. "Ferrero huet all d'Oploen erfëllt, déi mir virgeschriwwen haten", sou eng Porte-parole vun Afsca géintiwwer der Noriichtenagence Belga. Ënner anerem wieren d'Ingrediente souwéi déi fäerdeg an halleffäerdeg Produite streng kontrolléiert ginn. Villes hätt sech duerch d'Zesummenaarbecht mat den Autoritéite verbessert an et hätt ee vill geléiert, heescht et vu Ferrero. Afsca wéilt déi nächst Méint weiderhin onugemellte Kontrollen duerchféieren, schreift Belga nach.