Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Festival de Piano Liszt+": Emotional Pianoswierker vum Franz Liszt am Cape zu Ettelbréck

Nach bis e Sonndeg spillen 9 Interprete Pianoswierker vum Franz Liszt am Cape zu Ettelbréck. Et kann ee sech awer och op aner musikalesch Stécker freeën.

Vum 26. Januar bis e Sonndeg leeft am Cape zu Ettelbréck de "Festival de Piano Liszt+". De Régis Thill huet sech fir eis vun der Liszt-Atmosphär zu Ettelbréck fänke gelooss.

De Franz Liszt war déi éischt international Vedette, déi e richtegen Hype ausgeléist huet, sou wéi haut d'Stare vun der Popmusek. A JO hien huet 1845 zu Lëtzebuerg e Concert ginn. Säi Museksstil huet vill Impulser ginn a seng Pianoswierker sinn technesch Erausfuerderungen.

De Franz Liszt huet an enger Zäit gelieft, déi mer haut d'Romantik nennen. Gefiller waren an der Konscht net nëmmen erwënscht, si sinn an d'Extreemt gedriwwe ginn. Deenen Emotioune kann ee sech haut als Interpret net verschléissen.

De Festival am Cape heescht Liszt+, dat heescht et ginn net just Wierker vum Liszt opgefouert, mee och Stécker vu Museker, déi genee wéi de Liszt Grenze gesicht an iwwerschratt hunn.

"La musique par son univers sonore, nous renvoie à un monde intérieur". Dat ass e Saz vun der Pianistin Claire Marie Leguay. Genee dat wëllt de Cape Festival zu Ettelbréck erreechen.

Nach bis e Sonndeg kann ee sech de Festival am Cape zu Ettelbréck ukucken a sech vu Stécker vum Pianist Franz Liszt emotional afänke loossen.