Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Financial Times mellt: Credit Suisse kéint vun der UBS iwwerholl ginn

An der Schwäiz lafen tëscht Banken an der Regierung Verhandlungen, fir déi grouss Bank Credit Suisse ze retten.

D'Financial Times schreift, dass de Finanzinstitut vun der UBS kéint iwwerholl ginn. Ma d'UBS, déi och an der Schwäiz e Sëtz huet, géing awer ëmfaassend Garantien vun der Schwäizer Regierung fuerderen, fir déi staark ugeschloe Credit Suisse ze iwwerhuelen. D'Finanzzeitung berifft sech am Artikel op Insider aus der Branche.

Nach ier d'Bourse e Méindeg nees opgeet, soll eng Léisung fonnt sinn. Domadder wéilt een d'Investisseure berouegen.

Déi Schwäizer Nationalbank an d'Finanzopsiicht hätten op internationalem Niveau matgedeelt, dass eng Fusioun mat der UBS als eenzeg Méiglechkeet ugesi gëtt, fir d'Vertrauen an d'Bank Credit Suisse nees opzebauen, schreift d'Financial Times.

De Kaf vu Credit Suisse duerch UBS wier déi gréisste Bankefusioun an Europa zanter der Finanzkris.