Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Finanzministère deelt mat: Ratingagence "Scope" confirméiert de "Triple A" fir Lëtzebuerg

"Scope" gesäit fir de Grand-Duché eng stabel Perspektiv, dowéinst hätt een och den "AAA" ausgestallt.

D'Mesurë vun der Regierung hätte gehollef, datt Lëtzebuerg besser wéi d'Nopeschlänner duerch déi rezent Krise komm wier. Scope no hätt den "Energiedësch" an de "Solidaritéitspak 1.0 an 2.0" e positiven Impakt op d' Kafkraaft vun de Bierger, op hir Consommatioun an op den Niveau vun den Investissementer gehat.

Och wann d'Konjunktur an Europa duerch den Ukrain-Krich méi lues dréint, rechent Scope, datt zu Lëtzebuerg de PIB ëm 2,2 Prozent am Joer 2023 wäert klammen. An och geet een dovunner aus, datt zu Lëtzebuerg weider nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn.

E Risiko gesäit d'Ratingsagence dann awer, datt Lëtzebuerg enger oppener Wirtschaft ausgesat ass, wou d'Energiepräisser kënne klammen oder op déi d'Zënspolitik vun der EZB en Afloss huet. Awer geet Scope dovunner aus, datt d'Dette publique vum Grand-Duché net iwwer 30 Prozent vum eegene PIB wäert klammen a gëtt Lëtzebuerg mat der aktueller Politik esouguer nach eng gewësse "Marge de Manoeuvre", sollten nach aner wirtschaftlech Defien op de Grand-Duché zoukommen.