Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Finanzministère: Et deite sech Steiererliichterunge vu 500 Milliounen € virun de Walen un

E Méindeg huet Finanzministesch Yuriko Backes annoncéiert, cibléiert Steiererliichterungen, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen, ze proposéieren.

Esou heescht et jiddwerfalls an engem Communiqué vum Finanzministère. Méi wäit am Communiqué steet awer, datt déi Erliichterungen - ënner Form vu Steierkreditter - kommen, falls d'Verbesserung vun der budgetärer Situatioun sech confirméiert.
D'Yuriko Backes huet e Méindeg de Moien déi neisten Zuelen an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert. Et géing sech erausstellen, datt 2022 mat engem Defizit ofgeschloss gëtt, mä dee wäert 500 Milliounen Euro manner héich sinn, ewéi am Oktober nach erwaart. D'Finanzministesch wéilt, esou de Communiqué, déi Marge eleng fir d'Kafkraaft vun de Stéit notzen.