Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Finanzministère: Et deite sech Steiererliichterunge vu 500 Milliounen Euro virun de Walen un

E Méindeg huet Finanzministesch Yuriko Backes annoncéiert, cibléiert Steiererliichterungen, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen, ze proposéieren.

Esou heescht et jiddwerfalls an engem Communiqué vum Finanzministère. Méi wäit am Communiqué steet awer, datt déi Erliichterungen kommen, falls d'Verbesserung vun der budgetärer Situatioun sech confirméiert.

D'Yuriko Backes huet e Méindeg de Moien déi neisten Zuelen an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert. Et géing sech erausstellen, datt 2022 mat engem Defizit ofgeschloss gëtt, mä dee wäert 500 Milliounen Euro manner héich sinn, ewéi am Oktober nach erwaart. Dat ass de Käschtepunkt vun enger Upassung vun de Steierbarèmen un d'Inflatioun, deen d'Finanzministesch de leschten Abrëll hei op RTL genannt hat . Am Communiqué vun e Méindeg geet awer just Rieds vu Steierkreditter. D'Ministesch wéilt awer de Sputt vu 500 Milliounen Euro eleng fir d'Stäerke vun der Kafkraaft vun de Stéit benotzen.