Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fir all Kand accessibel: De Märeler Park kritt eng inklusiv Spillplaz

D'Spillplaz am Märeler Park gouf an den 80er Jore gebaut a vill Generatiounen hu scho vun hir profitéiert. D'nächst Joer soll dës allerdéngs erneiert ginn.

Am Wanter 2023 soll d'Spillplaz vu Grond op nei gestalt an zu enger inklusiver Spillplaz ginn, déi spéider fir all Kand accessibel wäert sinn.

"Egal, ob se lo an engem Rollstull sëtzen, ob se nach an enger Poussette sinn, da kënne se awer nach hei dovunner profitéiere vun de Spiller, well hei kënnt nämlech och e ganz grousse Parcours mat Rampen, déi fir jiddereen och accessibel sinn. Dat ass mol fir d'éischt den Haaptgrond. An awer och well mer wëlle Sonneseegele bäisetzen. Virun allem bei deem Summer, dee mer elo hunn, ass et ganz wichteg, d'Kanner dofir ze schützen, och awer wa méi schlecht Wieder gëtt an och well mer eiser Aktivitéit, déi ganz beléift ass am Summer mat de Seegelschëffercher, eng definitiv Plaz wëlle ginn", erkläert de Serge Wilmes, Responsabele fir d'Parken an der Stad Lëtzebuerg.

Un der Surface vun 8.000 Meter Carré vun der Spillplaz gëtt net gefréckelt an och d'Beem ronderëm bleiwen all erhalen. D'Gemengeresponsabel huelen och d'Propose vun der Populatioun mat a Consideratioun.

"Wierklech och sou vill wéi méiglech d'Natur ze beloossen. Mat Wiss an och mat natierleche Materialien ze schaffen. Wéi de Fallschutz, dee mer aus Sand respektiv Mulch maachen an mir wäerten och vill mat Holz schaffen. Dat war dat, wat mer mat op de Wee kruten an dat wäerte mer och hei esou ëmsetzen", sou de Serge Wilmes weider.

An och d'Klunschen, déi grousse Succès bei de Kanner kennen, bleiwe bestoen an et kommen der souguer dobäi:

"Mat dat zentraalt Element an der ganzer Spillplaz wäert e ganz grousse Réng gi mat lauter verschiddene Klunschelen. Et ass nach ëmmer dat beléiftste Spill bei de Kanner an den Elteren an där wäerten der ganz vill hei bäikommen. Nieft dem grousse Parcours, niewent Waasserspiller an och nieft engem Beräich fir déi kleng Kanner. Well dat feelt nach e bëssen hei, wou si nach kënne méi, och wann een nach wierklech ganz kleng ass, sech amuséieren."

Elo am Hierscht sollen d'Aarbechte fir déi nei Spillplaz ausgeschriwwe ginn. 3,3 Milliounen Euro si virgesinn. Dës Zomm kéint duerch déi aktuell Marchéspräisser awer nach klammen.