Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fir besser Trainingskonditiounen: Een Haus fir Lëtzebuerger Sportler?

Den Directeur Technique vum COSL huet d'Iddi, déi vun de Sportler selwer kënnt, opgegraff. De Sportminister ass oppen awer och liicht iwwerrascht.

Een Haus wou Lëtzebuerger Sportler kenne dra wunnen. Mécht dat Sënn? Déi Fro stellt sech, nodeems den Directeur Technique vum COSL, Raymond Conzemius, dat Thema op der Kaderrevisioun ugeschwat huet. Et wier nämlech net optimal, esou de fréieren Héichleeschtungssportler, wann ee vill Zäit am Auto géif verbréngen, fir beispillsweis an d‘Coque trainéieren ze goen. Um INS wieren et fréier Wunnméiglechkeeten ginn. Dat wier haut net méi de Fall. Idealerweis wier et dann och gutt, datt déi Wunnengen an d‘Géigend vun der Coque géife kommen.

Haus fir Sportler Rymond Conzemius

Raymond Conzemius: "D'Sportler, déi zu Lëtzebuerg trainéieren, beschwéiere sech, datt se awer nach immens vill Zäit am Auto verbréngen. Mir bräichte beschtefalls Wunnraum fir eis Sportler no bei der Coque. Fréier um INS war dat de Fall. Et geet drëm, datt d'Sportler sech an hiert zeréckzéie kënnen, eppes iessen, raschten an entspanen. Mam Recovery Center gëtt ee Schratt gemaach, dat ass eng super Saach. Mee do dernieft brauch all Sportler säi Liewensraum. Fir Lëtzebuerger Studenten, deen net op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwen sinn, ass et bal onméiglech ee Loyer ze bezuelen. "

De Raymond Conzemius huet d‘Iddi dem Public matgedeelt, hien huet awer ënnerstrach, datt déi Iwwerleeung vun de Sportler selwer géif kommen. Et kéint och vu Virdeel sinn, wann een där Wunnengen hätt, datt ee villäicht verstäerkt auslännesch Trainingspartner op Lëtzebuerg géif kréien, ouni datt déi missten an engem Hotel logéiert ginn.

De Sportminister Georges Engel, war vun der Iwwerleeung vun esou engem Haus, respektiv vu Wunnengen, e bësse Iwwerrascht. Hien huet awer gesot, datt all Iddi déi de Sport no vir bréngt, derwäert ass diskutéiert ze ginn. Hien hannerfreet awer d‘Plus-value vun engem Haus wou ee selwer muss kachen a botzen. Et soll een dofir driwwer nodenken, wat esou ee Komplex géif bréngen.

Haus fir Sportler Georges Engel

Georges Engel: "All Iddi, déi de Sport no vir bréngt, ass et wäert, datt doriwwer diskutéiert gëtt. Ech wees lo nach net wat direkt d'Plus-value vun engem Haus ass, wou ee selwer botzen a kache muss amplaz vun engem Hotel, wou ee gebotzt a gekacht kritt. Vläicht ginn et Iwwerleeungen, datt dat gutt wär fir de Sportler. Alles wat d'Sportler méi no beienee bréngt an dozou féiert, datt Lëtzebuerger Sportler besser mat auslännesche Sportler zesummeschaffe kënnen, sollt een ënnerstëtzen. Et muss ee just kucke ob eng Mesure eppes bréngt a wat se bréngt."