Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fir de Match Lëtzebuerg géint Portugal: Tickete vu bis zu 900€ op Viagogo ugebueden

Vun den horrende Präisser, déi op Viagogo fir Eventer ugebuede ginn, war och den EM-Qualifikatiounsmatch tëschent Lëtzebuerg a Portugal net verschount.

Wien dës Woch nach op der Sich no engem Ticket fir de Futtball-EM-Qualifikatiounsmatch war, deen ass méiglecherweis och iwwert Viagogo gestouss, wou Ticketen deelweis tëschent 350€ an 900€ kascht hunn. Eppes Neies ass dat u sech net, de Site stoung an der Vergaangenheet reegelméisseg wéinst sengem ëmstriddene Geschäftsmodell an der Kritik an och eng ganz Rei Futtballveräiner hu scho rechtlech Schrëtter géint Viagogo ageleet.

D'Entreprise gëtt sech als normal Online-Ticket-Bourse, wou Leit hir kaaften Ticketen ubidde kënnen, falls si selwer net um Event kënne present sinn. Allerdéngs gëtt Viagogo dacks virgeheit, mat Hëllef vu "professionelle Keefer" grouss Quantitéiten un Ticketen opzekafen, an déi da fir extrem deier Präisser weiderzeverkafen. Dës Keefer sollen am Géigenzuch da Provisioune vu Viagogo kasséieren.

Ob dat lo och hei de Fall war, léisst sech net soen. Vun der FLF krute mir op Nofro hi gesot, et kéint een dat weder retracéieren, nach verbidden. D'Ticketen, déi als Aboe fir jeeweils 5 Matcher verkaf goufen, ware beim Verkaf allerdéngs op 6 Stéck pro E-Mail-Adress limitéiert.

Och ass net auszeschléissen, datt op Viagogo Kopië vun Ticketen am Ëmlaf sinn, wat eng weider Gefor fir de Keefer mat sech bréngt: Well all Ticket een eegene QR-Code huet, kënne Leit bei der Entrée vum Stade de Luxembourg net ragelooss ginn, wann een Ticket mam nämmlechte Code scho virun hirem gescannt gouf. An dem Fall huet ee Pech gehat, ganz egal wéi vill ee fir d'Entrée bezuelt huet. An Däitschland gouf et däraarteg Fäll scho mat Ticketen, déi iwwer Viagogo kaf goufen.