Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fir Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit: Gesetz fir Gemengewale gouf liicht adaptéiert

En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Chamber eng weider Ännerung um Walgesetz gestëmmt. De Changement vum Juli 2022 wier nämlech net wäit genuch gaangen.

Am Juli zejoert war d'Gesetz schonn ugepasst ginn, an zwar ass d'Residenzklausel ewechgeholl ginn. Doduerch kënne Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit bei de Gemengewalen hir Stëmm ofginn, och wa si nach net 5 Joer hei am Land wunnen.

Ma déi Ännerung eleng wier awer net wäit genuch gaangen, well zum Beispill verschidde Leit weiderhi vun de Walen ausgeschloss ginn. De Rapporter vum Gesetzesprojet, den DP-Deputéierte Guy Arendt, huet preziséiert, dass Fonctionnairë vun den Europäeschen Institutiounen oder nach Agente vun internationalen Organisatiounen, déi aus Drëttstate kommen, net hätte kënne wiele goen. Dat well si eng sougenannte Carte de Légitimation hunn a keng Carte de Séjour. Dat gouf dann elo adaptéiert.

Et gouf dann och eng technesch Ännerung gemaach, fir dass et mat den Delaien opgeet. Et dierf ee sech nämlech just bis de 17. Abrëll umellen, fir bei de Gemengewalen e Kräiz kënnen ze maachen. Dowéinst wier et wichteg, dass d'Gesetz de Leit och genuch Zäit virun dësem Delai gëtt, fir sech och tatsächlech kënnen unzemellen.

De Mars Di Bartolomeo, LSAP-Deputéierten huet nach preziséiert, dass et net am Sënn vum Legislateur war, fir Leit auszeschléissen. Dowéinst hätt een dat geännert, fir et Leit mat den entspriechende Pabeieren ze erméiglechen, wielen ze goen. De Mars Di Bartolomeo huet nach betount, dass et sech ëm d'Gemengewalen handelt an net ëm d'Nationalwalen.