Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fir méi Energiesécherheet: Creos setzt op innovative System

D'Plattform ALVA erstellt eng Zort digital Kopie vum Stroumnetz a soll duerch Simulatioune Stroumënnerbriechunge evitéieren hëllefen.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Elektromobilitéit, d'Solarpannels an d'Wandenergie ëmmer méi populär. Eng Erausfuerderung fir eng stänneg a sécher Stroumversuergung. Fir deem entgéintzewierken, huet d'Firma Datathings ALVA entwéckelt, eng kënschtlech intelligent Plattform, fir d‘Stroumnetz besser ze geréieren. Mat dëser KI-gedriwwener Technologie gëtt dem Netzbedreiwer gehollef, fir sech der ëmmer méi grousser Demande no erneierbarer Energie unzepassen.

Mat ALVA, mécht Creos ee grousse Sprong fir den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz, an der Digitaliséierung vum Energiesecteur. Mat der KI kéint een Anomalien detektéieren a potentiell Probleemer ugoen, nach ier dës eskaléieren. Domat soll fir eng méi stabel an zouverlässeg Energieversuergung gesuergt ginn, sou den Robert Graglia, Chef vum Netz Support. Mat Hëllef vu Simulatiounen erméiglecht ALVA eng sécher d’ Kontroll vun den Auswierkungen wann Maintenanceaarbechte gemaach ginn oder op enger Platz méi Elektrogefierer en Place musse geluede ginn. De Kapp hannert dem Projet, de Grégory Nain.

"Si on doit faire une maintenance sur un équipement, il faut le sortir du réseau, ca veut dire que la charge va se repartir sur les cables alentour et avec ces utils là, avec ALVA, Creos peut désormais faire cettes simulations et dire „Si j‘enlève cette partie de l‘infrastructure, est-ce que le reste de l‘infrastructure continue à fonctionner correctement."

Mat der Plattform ALVA ass et méiglech eng Zort digital Kopie als Representatioun vum Stroumnetz ze schafen. Méi genau soll dës Technologie et der Creos erlaben, d’Verdeelernetz ze iwwerwaachen, ze optiméieren a Prognosen zu potentielle Probleemer ze maachen. Esou kann och de Creos-Clienten eng zouverlässeg Stroumversuergung ouni Ënnerbriechung garantéiert ginn. De Robert Graglia.

"Mir gesinn op de Kabel, entweder de Kabel, deen an d‘Haus geet oder de Kabel, deen aus dem Haus eraus kënnt, gesi mir Kabel fir Kabel wat genau leeft um Netz, dat ass eng Vue, déi mir virdrun net haten. Et ass een outil à l‘aide à la décision. Et ass net, dass d‘Maschinn eng Entscheedung trëfft, d‘Maschinn déi seet, sou sinn d‘Kabelen belaascht, esou gesäit et elo an der Strooss aus wann mir ëmleeë mussen da geschitt dat an dat."

Et géing awer nach ëmmer an der Hand vum Mataarbechter leien fir ze entscheeden, ob een eng Stroumleitung ëmschalte geet oder net. Dëse Prinzip vun der Simulatioun wéilt een an Zukunft och op aner Modeller uwenden, wéi zum Beispill bei der Waasser- a Gasversuergung.