Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fondamental a Secondaire: SEW kritiséiert Mesuren, déi fir d'Rentrée decidéiert gi sinn

Dës wieren net effikass genuch, fir géint déi sozial Ongläichheete virzegoen, sou de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL.

De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) vum OGBL kritiséiert d'Mesuren, déi fir dës Rentrée am Fondamental an am Secondaire annoncéiert goufen. Dës wieren net effikass genuch, fir géint déi sozial Ongläichheete virzegoen, déi an de leschte Joren ëmmer méi grouss gi sinn. Besonnesch betraff wiere Kanner mat Migratiounshannergrond aus engem sozial schwaache Milieu.

Vum Cycle 3 u wier de schoulesche Wee fir déi meescht Schüler a Schülerinne scho virgezeechent. Chancen, fir opzesteigen, wann een aus engem sozial schwaache Milieu kënnt, géingen et kaum ginn. D'Reformen, déi vum Educatiounsministère fir d'Rentrée annoncéiert goufen, géingen do och net wierklech eppes drun änneren. E Beispill heifir wier d'Hausaufgabenhëllef am Fondamental, seet d'Joëlle Damé vum SEW OGBL.

"Leider entpuppt sech déi mat villem Brimborium ugekënnegten Hausaufgabenhëllef als Mogelpackung. Et handelt sech ëm eng reng Surveillance, Etude surveillée gouf dat fréier genannt. D'Hausaufgabenhëllef gëtt schonn op ville Plazen ugebueden. Dass dës lo e spierbaren Effet op d'Benodeelegung soll hunn, bezweifele mir. Déi richteg Nohëllef bleift weiderhin e Privileeg fir déijéineg, déi et sech leeschte kënnen."

Och déi geplangten Alphabetiséierung op Franséisch gouf kritiséiert. Den Ament ass dës dem Syndikat nach ze wéineg duerchplangt. "D'Alphabetiséierung ass eng wichteg Etapp am Léierprozess. Hei brauche mir eng erproufte Method. Et ass eng schwiereg Diskussioun, well déi däitsch Sprooch de Virdeel huet, laut-getrei ze sinn. An déi franséisch Sprooch, wann et nom renomméierten Neurolog Stanislas Dehaene geet, als déi zweetschlëmmste Sprooch fir eng Alphabetisatioun bezeechent gouf."

Ma och am Secondaire géing net alles riicht lafen. De Syndikat kritiséiert hei zum Beispill den Orientatiounsprozess op der 5eme Générale, esou de Michel Reuter vum SEW OGBL. "Mat all deene verschiddene Schoulformater, Niveauen a Sektiounen, wou ee scho bal mengt, dass d'Schoule sech an engem Konkurrenzkampf ënnertenee befannen, fanne sech d'Schüler an och d'Elteren net erëm. Si si verluer. An deem Sënn hu mir eis scho fir eng transparent Zensur ausgeschwat, fir dass d'Schüler genee wëssen, wou de Wee higeet. A wat fir eng Resultater se brauchen, fir de richtege Choix ze treffen."

Allgemeng géif ee sech beim SEW wënschen, dass d'Léierpersonal méi an d'Decisioune vum Ministère mat abezu géif ginn.