Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1 a Saudi-Arabien: Teamchef Mike Krack iwwer Konfusioun ëm dem Fernando Alonso seng 3. Plaz

War de Fernando Alonso op Aston Martin elo hannert deenen zwee Red-Bull-Pilote Sergio Perez a Max Verstappen den Drëtten oder huet de Spuenier seng Plaz awer missen un de George Russell op Mercedes missen ofginn? Den Alonso konnt no opreegende Stonnen no der Course seng Podiumsplaz behalen.

Konfusioun ëm 3. Plaz/Reportage Franky Hippert


De ganze Mëssel huet u sech scho beim Depart ugefaangen, de Fernando Alonso, deen als Zweeten an d‘Course gaangen ass, stoung ze vill lénks a senger Startbox. Dat gouf dunn eng 5-Sekonne-Strof. Déi huet den 41 Joer ale Spuenier du bei sengem Boxestopp ofgesiess. An do koum et dann zu där Situatioun, déi zu där ganzer Konfusioun gefouert huet. Den hënneschte Krick soll den Auto beréiert hunn. Am Reglement steet, datt ee wärend der Zäitstrof net um Auto däerf schaffen.

An engem Meeting tëscht den Ekippen an enger Kommissioun vun der Formel 1 soll festgehale gi sinn, datt een den Auto emol net dierf beréieren. An enger éischter Phas hat de Videoassistent, deen zu Genève sëtzt, keng Reegelverstéiss festgestallt. An der leschter Ronn vun der Course gouf den Dossier awer nach emol opgemaach. Do huet een dann eng Beréierung gesinn. Am Ufank ass een dovun ausgaangen, datt den Alonso eng weider 5 Sekonne-Strof géif dofir kréien an dofir wären déi 5,1 Sekonnen op der Ligne d‘Arrivée duergaangen, fir virum 4. George Russell ze bleiwen.

Nodeems d‘Präisiwwerreechung um Podium eriwwer war, huet et awer op eemol vun de Kommissäre vun der FIA geheescht, den Aston Martin-Pilot géif eng 10 Sekonnestrof kréien a wär domat seng drëtte Plaz un de Russell lass. D‘Ecurie mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack huet sech awer net mat där Decisioun offonnt an ass an Appell gaangen.

Aston Martin konnt beweisen, datt an deem virdrun ugeschwate Meeting ni definitiv festgehale gouf, datt een den Auto bei enger Zäitstrof emol net däerf beréieren. En plus konnte si mat Videoe beleeën, datt et scho 7 esou änlech Fäll an der Vergaangenheet goufen, déi awer keng Strof mat sech bruecht hunn.

An der Nuecht op e Méindeg um 1.02 Auer a Saudi-Arabien, dat war kuerz no 23 Auer sonndes hei an Europa, stoung dunn definitiv fest, datt de Fernando Alonso seng zweete Podiumsplaz vun der Saison awer kéint behalen.

RTL

FORMULA 1 STC SAUDI ARABIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung