Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Grousse Präis vu Monaco: Eng weider dominant Victoire fir de Max Verstappen

Den Red Bull Pilot gewënnt am Fürstentum no 78 Ronne seng 4. Course an dëser Saison virum Fernando Alonso an dem Esteban Ocon.

An enger Course, an där wärend 50 Ronnen net all ze vill passéiert ass, konnt sech den aktuelle Weltmeeschter an der Schlussphase, an där et ugefaangen huet mat reenen, mat der besserer Strategie géint Aston Martin mam Fernando Alonso duerchsetzen. Red Bull huet domat bis ewell all Coursen an dëser nach jonker Saison gewonnen. Op d'Plaze 4 a 5 klasséiere sech béid Mercedes Pilote Lewis Hamilton a George Russell.

Beim Start ass net all ze vill passéiert, hunn d'Fuerer op de Plazen 1 bis 13 alleguerten hier Plaz no den éischte 5 Ronne behalen. No 15 Ronne krut de bis dato op der 2. Plaz fuerende Fernando Alonso Problemer mat sengem rietsen hënneschte Pneu an huet lues a lues ëmmer méi Terrain op de Max Verstappen verluer. De Retard vum Spuenier op déi 1. Plaz huet sech dunn em déi 6 Sekonne stabiliséiert.

Un der Spëtzt huet de Max Verstappen d'Course virum Fernando Alonso an dem George Russell weider kontrolléiert.

Ronn 25 Ronne viru Schluss ass et dunn fir eng éischte Kéier an der Course hektesch ginn. Et huet ugefaange mat reenen an déi éischt Fuerer sinn op Intermediate Pneue gewiesselt. Aneschters de Fernando Alonso, deen sech komplett verspekuléiert huet, an um Ufank op Medium Pneue gewiesselt huet, fir eng Ronn méi spéit dann awer op Intermediate ze wiesselen. Doduerch ass dem Spuenier säin Réckstand op déi 1. Plaz op iwwer 20 Sekonnen geklommen.

An der Schlussphase huet sech d'Course nees berouegt. De Red Bull Pilot an aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen gewënnt domat seng 4. Course an dëser Saison. Fir de Fernando Alonso ass et déi 5 Podiumsplaz an der 6. Course a fir den Ocon ass et seng drëtte Podiumsplaz a senger Karriär.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GRAND PRIX DE MONACO 2023

Resultat Monaco

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023

PDF: De Formel-1-Kalenner vun der Saison 2023

RTL