Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Huet Mercedes bei der Alonso-Konfusioun geklaapt?

An der Formel 1 gouf et nom Grousse Präis vu Saudi-Arabien jo eng ferm Konfusioun ëm dem Fernando Alonso seng drëtt Plaz.

International Medie ginn dovun aus, datt Mercedes geklaapt hätt, datt d'5-Sekonnestrof beim Boxestopp vum Aston-Martin-Pilot nach emol ënnert d'Lupp geholl gouf. Mir sinn awer och der Fro nogaangen, wien den "Go" bei esou enger Strof gëtt, fir nees um Auto ze schaffen.

Geklaaps an der Formel 1? / De Reportage vum Franky Hippert

Bei Aston Martin, wéi och bei all deenen aneren Ecurien, ass dat kloer definéiert, seet den Teamchef Mike Krack:

"Bei eis ass et de Sportdirekter, den Andy Stevenson, dee setzt direkt nieft mir un der Boxemauer. De rifft och d'Autoen eran, an deen huet och gesot, ech zielen erof. Et gëtt eng Prozedur fir dat Thema, et gëtt och geübt am Virfeld, an et war och drëms gaangen, datt mer Reserve hunn géint de Mercedes."

Wann een eng 5-Sekonnestrof bei engen Boxestopp ofsetzt, dann däerf ee wärend där Zäit net um Auto schaffen. Lo hat awer den hënneschte Krick den AMR23 vum Fernando Alonso beréiert. An enger éischter Phas war den Dossier no enger Videoiwwerpréiwung Ad acta geluecht ginn. Op eemol gouf et awer nees e Sujet:

"Mir sinn dovun ausgaangen, datt alles richteg gelaf ass op eiser Säit an op eemol hu mer héieren, datt bei Mercedes vill iwwert dat Thema geschwat ginn ass. Wa mir gewosst hätten, vill éischter, datt eppes net an der Rei wär oder d'FIA hätt gesot...du kanns jo net ufänken mat diskutéieren wärend der Course, ob déi Strof gerechtfäerdegt ass oder net. Wann s du elo déi 10 Sekonne kriss, dann kanns du déi Zäit jo nach erausfueren. Wa mer dat gewosst hätten, dann hätte mer déi Zäit kënnen erausfueren, well den Auto hat d'Performance, fir dat ze maachen. Déi Strof ass ausgeschwat ginn, 20 Minutten nodeem de Fändel gewise ginn ass. An do fänkt d'Saach dann u komesch ze ginn, well da respektéiert och d'FIA deelweis och net hir eege Statuten."

Mercedes wollt dat Ganzt net kommentéieren. De Pilot Georges Russell sot awer schonn direkt no der Course, datt den Fernando Alonso de Podium verdéngt hätt an hien och gutt mat der 4. Plaz kéint liewen.